Agenda24

Juni 2013

DoFrSaSo
     12
3456789
10111213141516
17181920212223
24252627282930

Konstfestival 2013 (Lellingen) 23-06-2013
Organiséiert vum: Open Air Konstfestival asbl
Billjees Präis: 7 €

23.Editioun vum Open Air Konstfestival

Den 23. Juni 2013 op Nationalfeierdag verwandelt dat klengt Dierche Lellgen sech erëm fir een Dag an eng lieweg a faarwefrou Galerie ënner fräiem Himmel. Anzwëschen iwwer Grenze vun eisem Land eraus bekannt, zitt de Festival all Joer ronn 4500 Visiteuren un.

Ee prall gefëllte Programm, mat 100 Kënstler déi live op der Plaz hier Wierker entstoe lossen, Strossekënstler, Strossentheater, Walkacts an interaktiv Ateliere fir déi kleng mécht de Konstfestival och dëst Joer zu engem Erliefnis fir Jonk an Al.

Homepage  

 



Intervilles 2013 (Oberkorn) 29-06-2013
Organiséiert vum: Adm. Com. De Differdange
Billjees Präis: 7 €

Intervilles 2013

Wie gewënnt den Interville 2013?

Ënnert dem Thema Wild West trieden Diddeleng, Ettelbréck, Suessem, Péiteng, Käerjeng an Déifferdeng géinteneen un.
An dat e Samschden den 29. Juni an der oppener Schwämm zu Uewerkuer.
Animatioun: Marie Gales & Dan Spogen
Kommt an ënnerstëtzt Är Stad.
De Virverkaf leeft an alle Gemengenhaiser déi matmaachen!

Homepage  
Ticket gewannen