I.R.$. T.14 - Les survivants de Nankin
RTL - 09.07.2012, 14:06 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.07.2012, 12:47
Dee 14. Episod vun der Serie I.R.$. bréngt d'Konklusioun vun der Geschicht, an där de Larry B. Max erpresst ginn ass. Hien huet just nach e puer Deeg Zäit.

De Larry muss sech an dësem Album direkt e puer Erausfuerderunge stellen. Senger Vergaangenheet, an där et Situatioune ginn, déi hien net mat der Ëffentlechkeet deele kann. Senger Roll als Agent vum amerikanesche Steierbüro, senger Relatioun a senger Motivatioun fir seng Aarbecht ze maachen. Seng Roll als I.R.$. Agent ass an dësem Episod awer nëmmen d'Ursaach, mat där hien erpresst ka ginn, spillt soss weider keng Roll.
De Stephen Desberg féiert seng Lieser hei nees op vill falsch Pisten, et probéiert ee mam Larry Max ze verstoen, wat mat him geschitt. Och wann hien um Enn versteet, wéi hien dee Problem léise kann, an d'Gold opdreift, ass et awer eng Iwwerraschung wéi d'Situatioun geléist gëtt. Déi nei Approche vum Bernard Vrancken sengem Zeechestil gëtt dësem Episod eng Dynamik, déi gutt bei de Rhythmus an d'Atmosphäre passt, déi dës Geschicht gutt ënnerstëtzt.
