Zodiaque T.5: La part du lion/T.6: Le supplice de la vierge
RTL - 02.08.2012, 12:17 | Fir d'lescht aktualiséiert: 31.07.2012, 15:53
Mat Zäite fir d'Summervakanz sinn direkt 2 nei Episode vun der Serie „Zodiaque“ erauskomm. Déi nächst Stärenzeechen, Léif an Jongfra stinn am Mëttelpunkt.

Deen Album ass nees vum Eric Corbeyran geschriwwen, mat enger ganz origineller Approche iwwert d'Businesswelt. Virun allem weist hien, datt et och méiglech ass, Geschäft a Moral ënnert een Hutt ze bréngen. Mä och datt dat schwéier ass, well d'Mënschen awer ëmmer méi gourmangzeg sinn ewéi si Anstand hunn. Déi moralesch Approche hannert der Geschicht mécht dësen Album interessant. D'Zeechnunge vum Hugo Palasie kënne verschidden Onsécherheeten net verstoppen. An aneren Zeenen ass hien awer extrem efficace, a virun allem mat senge Faarwe gëtt hien der Geschicht eng flott graphesch Dimensioun.

Deen zweeten Album erzielt d'Geschicht vum Selena Takian, enger jonker Fra, déi net weider opfält. Mä Owes, wa si alleng ass, da schreift si erotesch Romaner, déi provozéieren. Esou vill, datt et ee Grupp Mënsche gëtt, déi si entféieren a forcéiere wëllen, hiert Liewen an der Sënn op ze ginn. Wat si net wëssen: Déi jonk Fra huet ee Pouvoir, mat deem si een astrale Kierper aus hirem Kierper erausschécke kann, an esou gewuer gëtt, wat d'Pläng vun hiren Entféierer sinn. Doduerch léist si sech net op dat Spill an, bis dobäi eppes schif geet.
Dësen Album ass vum Nicolas Lannoy an engem Stil gezeechent, deen éischter un amerikanesch Comichefter ewéi un déi traditionell europäesch BD erënnert. Virun allem d'Spill mam Schied huet hie gutt drop, a gëtt dësem Episod ee richtege Flair vun engem Horrorfilm.
D'Serie huet jo am Ganzen 12 Albummen, déi een all onofhängeg vunenee liese kann. Um Enn kënnt nach een 13. Album eraus, deen nach eng grouss Iwwerraschung soll proposéieren, an där ganzer Serie eng Unitéit gëtt. Dat erkennt een och an all Episod schonn op där allerleschter Säit, wou et eng Fra gëtt, déi d'Kette mat de Medaillone klaut, déi deene respektive Personnagen hire Pouvoir ginn hunn. Wat Sënn an Zweck dovun ass, gëtt een dann eréischt um Enn vun der Serie gewuer. Eppes wierklech Neits bréngt déi lescht Säit deenen eenzele Geschichten awer net, heiansdo nervt et méi, well et frustréiert wann een ëmmer nees eppes ugedeit kritt, ouni datt et viru geet.