Film vun der Woch

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »
DETACHMENT vum Tony Kaye

RTL - 07.05.2012, 15:25  | 0 Commentaire(n)

Virun 10 Joer krut den Adrien Brody en Oscar an e César fir seng iwwerzeegend schauspilleresch Leeschtung an “The Pianist”. Elo kënnt de smarten Amerikaner mat engem Film an eis Kinoen an deem hien net manner iwwerzeegend ass. An “Detachment” spillt hien e Prof, deen net onbedéngt an ...


LE PRENOM vum Alexandre de la Patellière, Matthieu Delaporte

RTL - 30.04.2012, 08:01  | 0 Commentaire(n)

Sech eng franséisch Komedie ukucke goen ass ëmmer e bëssi wéi wann een russesch Roulette spillt – et weess een ni op eng Kugel am Laf dran ass oder net. Heiansdo kritt een d’Gehir erausgeblosen, wéi zum Beispill mat debilem Schrott wéi « Sur la piste du Marsupilami » oder « La ...


L'ENFANT D'EN HAUT vum Ursula Meier

RTL - 23.04.2012, 16:15  | 0 Commentaire(n)

Virun 3 Joer huet déi Schwäizer Regisseurin Ursula Meier Kritiker mat hirem originellen “Home” iwwerzeegt, ee Film, deen eng Famill weist, déi nieft enger Autobunn wunnt. Elo kënnt si mat hirem 2. Film an de Kino: “L’enfant d’en haut” hëlt eis mat an eng Schwäizer Skistatioun. ...


HAYWIRE vum Steven Soderbergh

RTL - 16.04.2012, 11:26  | 0 Commentaire(n)

A sengem virleschte Film «Contagion» hat de Steven Soderbergh d‘Ausbreedung vun engem déidleche Virus retracéiert, elo kënnt de Regisseur mat engem Agente-Film an de Kino. Och déi Kéier mat héichkaräteger Besetzung: de Michael Douglas, de Michael Fassbender, den Antonio Banderas, den ...


MY WEEK WITH MARILYN vum Simon Curtis

RTL - 09.04.2012, 11:21  | 0 Commentaire(n)

Et muss een och nach haut daf oder blann sinn, fir net op d'mannst ze wëssen, ween d’Marilyn Monroe war. Oder och nach ass, well keng aner Actrice aus der gëllener Zäit vun Hollywood huet e sou en Androck hannerlooss wéi déi Dame, déi bekannt gouf, well se deemools fir déi éischt Ausgab ...


THE BEST EXOTIC MARIGOLD HOTEL vum John Madden

RTL - 02.04.2012, 10:45  | 1 Commentaire(n)

Verstitt mech wann ech gelift net falsch mä THE BEST EXOTIC MARIGOLD HOTEL vum John Madden ass e Film fir eeler Leit. Ech schreiwen dat ganz bewosst an aus verschiddene Grënn: Éischtens gehéieren ech mat mëttlerweil 59 Joer och bal zu deem Club, obwuel jo an der Reklamm um Radio d’Senioren ...


THE HUNGER GAMES vum Gary Ross

RTL - 26.03.2012, 11:56  | 1 Commentaire(n)

Reality-Shows (wéi den Dschungelcamp) oder Casting-Shows (wéi déi mam Dieter Bohlen oder mam Heidi Klum), bei deenen d’Kandidaten oft wéi de leschten Dreck behandelt ginn, fir de Publikum milliounefach bei der Staang ze halen, ginn et leider wéi Sand um Mier – an et schéngen der vu Joer ...


BARBARA vum Christian Petzold

RTL - 12.03.2012, 11:26  | 0 Commentaire(n)

DDR 1980. Well hat eng Demande gemaach huet fir aus der DDR no Westdäitschland auszewanderen, gouf d’Kannerdoktesch Barbara aus dem Berliner Charité-Spidol an e Provënzkaff versat, dat iergendwou um Mier läit. Hier nei Aarbechtskollegen am klenge Spidol wou hat elo schaffe soll, sinn nawell ...


Extremely loud and incredibly close vum Stephen Daldry

RTL - 05.03.2012, 11:58  | 0 Commentaire(n)

Virun 12 Joer ass de Stephen Daldry mat sengem Film „Billy Eliott“ bekannt ginn. Am Mëttelpunkt e Jong dee vun enger Dänzerkarriere dreemt. Elo kënnt hie mat sengem neiste Film an de Kino: an „Extremly loud and incredibly close“ steet erëm en 10järegen am Mëttelpunkt. Déi kéier den ...


In The Land Of Blood And Honey vum Angelina Jolie

RTL - 27.02.2012, 15:15  | 0 Commentaire(n)

Sarajevo 1992. An engem Danzlokal kommen den Danijel, e serbesche Mann, an d’Ajla, eng bosnesch moslemesch Fra, sech méi no. Mä hire Flirt gëtt brutal vun engem bluddege Bommenattentat ënnerbrach, bei deem e ganze Koup Leit ëm d’Liewe kommen, si zwee allerdéngs nëmme verletzt ginn. De

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »