WAR HORSE vum Steven Spielberg
RTL - 20.02.2012, 11:18 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.02.2012, 13:04 | 0 Commentaire(n)

Et gehéiert jo mëttlerweil zum gudden Toun, besonnesch bei méi jonke Filmkritiker, déi an hirem Liewen nach ni e Film vum John Ford, Raoul Walsh oder Howard Hawks gesinn hunn, klassesch erzielte Filmer wéi dem Steven Spielberg seng “Päerdsoper” WAR HORSE als almoudesch a verstëbste Kino ze betitelen, just oder eben well se eng linear Geschicht erzielen, déi – wéi an dësem Fall – och nach “bigger than life”, also extrem onrealistesch ass, awer engem grousse Publikum, dat virun allem an de Kino geet, fir net anzeschlofen, duerchaus zwou spannend Stonnen Ënnerhalung bidden.

De Roman op dem de Film baséiert ass – wéi quasi all Päerdsoper – och fir e jugendlecht Publikum geduecht – et ass also schonn zimlech gelungen, dat dem Steven Spielberg säi Film bei eis am Kino nëmmen ab 12 Joer gekuckt ka ginn, ausser d’Eltere gi mat hire Kanner an de Kino de Film kucken. Sécher, duerch déi vill Krichszeenen ass eng gewëss Intensitéit an de Biller a fir kleng Kanner ass dat Ganzt vläicht e bëssi staarken Tubak, mä ab 8 Joer kann een de Film sengem Nowuess duerchaus zoumudden.

De Film mat Päerd ass – mol ganz ofgesinn vun deene ville Western – zënter ëmmer e Kinosgenre fir sech. “Fury”, “National Velvet”, “The Black Stallion” oder, méi rezent, “Seabiscuit”, sinn nëmmen e puer Titelen aus der Filmgeschicht vu Filmer, wou den Haaptpersonnage e Päerd war. De Steven Spielberg, deen elo also mat WAR HORSE en neit Kapitel vun dësem Genre geschriwwen huet, ass am Ufank vu senger Carrière dem John Ford begéint, deen him e puer gutt Rotschléi iwwert d’Mise en scène a virun allem iwwer d’Benotzung vum Horizont an de Biller ginn huet. Och den englesche Regisseur David Lean wor eng vun den Inspiratioune vum Spielberg, deen hei – no e puer manner gelongenen Eskapaden, wéi INDIANA JONES 4 oder TINTIN – endlech nees bei déi Zort Kino zeréck koum, déi hien am beschte beherrscht, nämlech d’Epopée, wou déi kleng an déi grouss Geschicht (hei den éischte Weltkrich) aneneen iwwerginn.
Mat beandrockende Biller, Schauspiller déi bewosst melodramatesch spillen an enger Geschicht iwwer d’Schicksal vun engem Päerd, dat de Krich iwwerlieft, ass dëse Film duerchaus drop aus, dem Spectateur e puer Tréinen erauszelackelen, an dofir sollt een sech net schumme missen – Kino däerf a soll och Gefiller ausléisen. De Steven Spielberg war sengen Idoler John Ford an David Lean nach ni sou no wéi am WAR HORSE – dat ass almoudesche Kino, jo, mä am beschte Sënn vum Wuert. Wann ee grouss Gefiller net gär huet, soll een seng 8 oder 9 Euro an en anere Film investéieren, wann een allerdéngs mat déi beandrockendst Biller vun de leschte Joren op engem groussen Ecran erliewe wëll, dann ass dëse Film genee richteg.
Jemp Thilges

Äre Commentaire