LA CLINIQUE DE L'AMOUR vum Artus de Penguern

RTL - 02.07.2012, 11:12 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.07.2012, 11:31 | 0 Commentaire(n)

Mär wëssen alleguer dat laache gesond ass a wann der dës Woch an de Kino gitt, da kënnt der iech e regelrechte Bockel laachen.  An zwar net nëmmen an eisem Film vun der Woch, mä och bei de Schotten am Ken Loach sengem herrlechen THE ANGEL'S SHARE, wou een erausfënnt wat d'Schotten ënnert dem Kilt unhunn, bei de Kanadier aus dem Québec wou am STARBUCK e Mann, deen nawell vill mat der Banque du Sperme ze dinn hat, op eemol vu senger Vergaangenheet ageholl gëtt, oder bei de Fransousen, wou d'Sophie Marceau an de Gad Elmaleh am UN BONHEUR N'ARRIVE JAMAIS SEUL eng romantesch Komedie op d'Tapéit bréngen, wéi d'Amerikaner se scho laang net méi richteg fäerdeg bréngen. Et ass wierklech rar, dat souvill gutt Komedie mateneen am Kino lafen, bei deenen ee laache kann, ouni sech derfir ze schumme wéi bei onméigleche Filmer wéi 21 JUMP STEET.  

Mam Artus de Penguern sengem LA CLINIQUE DE L'AMOUR ass et e wéineg anescht wéi bei den anere Filmer vun der Woch, well deem säin Humor geet éischter a Richtung Slapstick deen hei souguer mat Momenter surrealistesch Téin unhëlt. De Film gouf zu groussen Deeler zu Ettelbréck (kee Witz!) an engem Fligel vun der Maison de Soins gedréint, dee momentan net gebraucht gëtt an et kéint ee bal soen, dat d'Atmosphär vun deier Plaz sech am Toun vum Film nidder schléit, well hei gesäit et tatsächlech aus wéi wann d'Gecken d'Clinique  iwwerholl hätten.

Den Artus de Penguern huet eis erzielt, dat hie sech souwuel beim Charlie Chaplin inspiréiert huet wéi och bei amerikanesche Komedie wéi "Airplane" (Y-a-til un pilote dans l'avion?), déi hiren Humor ëmmer nees op d'Spëtz dreiwen. Als Zilscheif huet de franséische Regisseur sech amerikanesch Doktesch- a Spidolsserien ausgewielt, wéi "E.R." zum Beispill, wou de George Clooney jo seng Carrière ugefaang huet. Baséiert ass dat Ganzt op engem Kuerzfilm, "La polyclinique de l'amour", déi den Artus virun e puer Joer fir Canal Plus a Frankräich gedréint huet a bei deem e schonn e gudden Androck krut, wat dann elo op een zou kënnt. Vun de véier gudde Komedie déi dës Woch an !ärem Kino lafen ass dëse bestëmmt dee Verrécktesten, well et huet een d'Gefill dat all Kéier wann dem Regisseur e Gag agefall ass, hien deen och an de Film integréiert huet.

All Situatioun, déi sech an enger Klinik ergi kann, gëtt regelrecht bis an dat Surrealistescht eran iwwerdriwwen - ween den amerikanesche Mad Magazine kënnt, dee weess wéi geckeg et ka ginn. An d'Personnagë sinn ouni Ausnahm sou iwwerzeechent, dat een heiansdo den Hick kritt vu lauter Laachen, ausser et ass een allergesch op dës Form vun Humor, da sollt ee vläicht léiwer ewech bleiwen,. Dës héich Schoul vum gehuewene Blödsinn ass nëmmen eppes fir Leit, déi souwuel mam Jerry Lewis wéi och mam Laurel an Hardy eens gi sinn an déi sech net ze schued sinn, fir am Kino haart lass ze brëllen.

Dat huet op jidder Fall de leschten Donneschdeg de Publikum bei der Première gemaach - ech hunn hei am Land nach ni e Première-Publikum sou laachen héieren. Déi wou bei sou engem Film keng Minn verzéien, deenen ass wierklech net ze hëllefen, souguer wann de Regisseur bei verschiddene Szenen sou wäit geet, dat een sech bal schummt wann e laache muss. Deemno sollten Intellektueller e grousse Bou laanscht dëse Film maachen - si géifen e wahrscheinlech net iwwerliewen!   

 

                                                                                                            Jemp Thilges

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!