
![]() VIDEO: Trailer 1 kucken VIDEO: Trailer 2 kucken Portrait Andy Bausch VIDEO: De Reportage iwwer d'Premiere - Dan Wiroth VIDEO: De Film vun der Woch vum 29.11.08 op RTL Télé Lëtzebuerg AUDIO: Reportage RTL Radio Lëtzebuerg vum 26.11.08 - Sarah Cattani AUDIO: Lauschtert eise klenge Best of Thierry Weider Informatiounen iwwert de Film Dem Thierry van Wervecke seng Filmographie Wéini leeft de Film FOTOGALERIE |
Hie woar op der Leinwand mam Isabelle Huppert, Eddie Constantine, Götz George, Burt Reynolds, Béatrice Dalle, Til Schweiger, Thierry Frémont, Moritz Bleibtreu, Mario Adorf, Dominique Horwitz, Hannelore Elsner, Dietmar Schönherr, Udo Kier, Birol Uenel, Katharina Thalbach, Christine Kaufmann, Daniel Brühl, Denis Lavant, Heike Makatsch, Peter Lohmeyer, Ivan Desny, Jürgen Vogel, Martin Semmelrogge, Désirée Nosbusch, André Jung, Manfred Zapatka, Richy Müller, Dieter Pfaff, Rüdiger Vogler a.v.a. Dobäi koum de Gesondheetszoustand vum Thierry, deen Ufank 2008 immens kritesch war, an deen den Zäitpunkt vum Film natierlech op eng dramatesch Manéier matbestëmmt huet. A wat fir e Realisateur kennt den Thierry besser wéi den Andy Bausch, deen hien zënter 1979 an all senge Filmer besat huet, meeschtens an der Haaptroll. Also méi wéi just eng professionell Relatioun, déi di zwee verbënnt, éischter eng Männerfrëndschaft, déi geschwënn hir 30 Joer feiert.
Tëschent deenen 2 gëtt kee Blad méi virun de Mond geholl. Si fäerte weder sech d´Wourecht ze soen, nach Kritik auszeüben.
An natierlech kommen och Kollege, Frënn a Weggefährte vum Thierry zu Wuert: Til Schweiger, Sascha Ley, Michael Haneke, Moritz Bleibtreu, Frank Hoffmann, Frank Feitler, Bukelt Alakus, Pipo Petro, Claude Bertemes, Danielle Igniti… a.v.a.
|