Rock um Knuedler 2012
Et ass all Joer dee grousse musikalesche Rendezvous am Programm vu "Summer in the City". D'Editioun 2012 vum Rock um Knuedler war awer leider kee richtege Summerdag an sou sinn vill Leit léiwer doheem bliwwen. Déi Fans, déi trotz Reen a Stuerm an d'Stad komm sinn, konnten erëm vill Lëtzebuerger Bands genéissen ewéi: Thoughts Of The Four / The Gambling Badgers / Kate / Mount Stealth / Inborn! / Angel at My table / Daniel Balthasar & Band / Money / Open Seas / Versus You / Andrea and undercover / Haute Tenzion / Vintage Gigolos / Real Time Spinners / Tëschegas / Moof. De groussen Headliner vum Sonndegowend, 8. Juli war awer de ROGER HODGSON - THE VOICE OF SUPERTRAMP.
Fotoen: Steve Müller












