Donneschdeg, 02. September 2010

Kultur op der Télé

Emissioun vum 27. September 2008

Emissioun vum 27. September 2008



PRIVATE ART KIRCHBERG
Eng 10 finanziell Institutioune maachen hir Dieren op a presentéieren dem Lëtzebuerger Publikum hir privat Konschtsammlungen. Vun Andy Warhol, Cesar, Jörg Döring an Damien Hirst bis zu de Lëtzebuerger Kënschtler wéi Dani Neumann, Rafael Springer, Armand Strainchamps a vill anerer. Private Art Kirchberg, eng Initiativ déi de Leit D’Konscht méi no bréngt.


Infoen / Video


   

GAST MICHELS
Et gi Moler déi bleiwen hirer Toile trei an da ginn et anerer déi zécken net en neie Support auszeprobéieren, zu deene gehéiert och de Gast Michels. Hien huet scho mat Tapissereien, Porzeläin an Holz experimentéiert, an zitt zanter 15 Joer ëmmer erëm de Computer zu Rot fir seng Kompositiounen weider ze dreiwen. Am Moment stellt hie gläich op 2 Plazen aus, zu Konsdref am Espace Mett Goedert an vun en Donneschden un an der Stad am Hotel Parc Beaux-Arts.

Infoen / Video


   

INVITE: CAROLE LORANG
„Ni Vu Ni Connu“ dat war e Projet vun 2007 wou eemol all éischte Freiden am Mount e geheim Event war fir d’Leit. Gewosst war just den Datum, Plaz an Auerzäit ass een emmer réicht den Dag selwer gewuer ginn, iwwer Internet oder iwwer Flyeren a Posteren. Ganz onerwaard goufen hei deels Stécker, Concerten an déi verschiddenst Performance gewisen, souwuel vun internationale wei och vun nationale Kënschtler. „Ni vu Ni Connu“ leeft elo nach 3 Mol nom Succés vum Kulturjoer weider. Wei, wat wou héiere mir vum Carole Lorang am Interview.

Infoen / Video

   

NEI SAISON PHILHARMONIE
Wéini de Wim Delvoye seng Cloakaen am Schlass wäert installéieren a seng tätowéiert Schwäin dorëmmer lafen, steet nach an de Stäeren..duerfier mécht de Regis Thill elo Loscht op Kulturhéichpunkten zu Lëtzebuerg di zwar och nach net fir direkt - duerfier awer sécher programméiert sinn: an zwar am Cader vun der neier Saison vun der Philharmonie!

Infoen / Video

   

NOTTURNO
Notturno bedeit Nuecht. Ënert dësem Titel huet de Guy Wagner 2 Endspiller, „Ze spéit“ an „D'Enn, mäi Frënd“ matenee verbonnen. Béid Stécker goufe mam nationalen Literaturpräis ausgezeechent an als éischt op Däitsch an dono op Lëtzebuergesch geschriwwen. Op Lëtzebuergesch wierken d’Stécker vill méi direkt.

Video




Kulturnews

International Kulturnews:
Dës Woch waren D’Emmy Awards, a wat wat nach kulturell lass?
Video
  Theaternews:
Dës Woch waren D’Emmy Awards, a wat wat nach kulturell lass?
Video
  Nei an de Galerien:
Bommestëmmung zu Maacher, mä och nach aner Expoen doruechter d’Land...
Video