
|
COLOPHON Part 1
Zenter 2007 gëtt et all zwee Joer eng Biennal vun den onofhängesche Magazinen zu Lëtzebuerg. Bei der éischter Editioun vum Colophon waren iwwer 25 Nationalitéite present. Dëst Joer gëtt et nach méi eng däitlech Augmentatioun vun internationale Magazinen. An enger flotter Ambiance, déi näischt mat engem klassesche Seminaire ze dinn huet, gi flott Workshopen an Diskussiounsronne gebueden.
Video / Infoen / Fotoen
|
| |
|
 |
COLOPHON Part 2
Ee Workshop ass natierlech wéi den Numm et seet geduecht fir dass déi di drun deel huelen och schaffen, mee Erwaardungen un d'Resulat vun der Aarbecht kënnen awer ganz ënnerschiddlech sinn- d'Organisateure vun Colophon hunn d'Lat ganz héisch gesat: si hu sech zum Ziel gemat, ee Magazin vun 100 Säiten an dréi Deeg ze kreeéieren. Op et geléngt, kann een op colophon2009.com noliesen.
Video / Infoen / Fotoen
|
| |
|
 |
JOSHUA REDMAN
Den amerikanesche Saxophonist Joshua Redman ass an deene leschten 10 Joer regelméisseg zu Lëtzebuerg opgetrueden. De 40 Joer jonke Kalifornier huet de Public am Stader Conservatoire, der Philharmonie, dem Atelier bal Solo, bal mam San-Francisco-Jazz-Collective iwwerzeegt. E Mëttwoch huet hien am Atelier säi leschten Album "Compass" presentéiert.
Dem Kerstin Thalau war dronke ginn.
Video
|
|
|
 |
MAXIME BENDER
De Saxophon huet och zu Lëtzebuerg eng hällewull Adepten. E.a. de Maxime Bender. Wéi de Joshua Redman war hien als Bouf éischter un anere Saachen interesséiert: wollt Footballer ginn....oder wa scho Muséker, da Batteur...eppes wat richteg schéi Kaméidi mécht. Ma dunn hu seng Elteren hien op e Konzert an de Stater Conservatoire matgeholl: op der Bühn stoung de Joshua Redman. An op emol war de Maxime Bender verkaf...
Video
|
| |
|
 |
OPERA HAYDN
De Joseph Haydn ass an der Musikswelt bestëmmt net bekannt wéinst senger Oper. Schued well hie lued eis op eng faarweg Rees an op de Mound. An der Geschicht geet et ëm Suen déi ze kréie sinn, ëm Fraen déi ze erobere sinn, ëm Leit déi ee kann uschmieren, ëm Léift, Verrot, Fantasie: ëm alles wat eng Oper sech eben erlaben dierf. Eng humorvoll Inszenéierung vum Yoshi Oïda, Kostümer aus enger anerer Welt: e Spektakel, deen eis verréckt mécht.
Video
|
| |
|