RAF 2012 mat Billy Talent, Motörhead, Snow Patrol...
RTL - 25.01.2012, 17:31 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.01.2012, 10:41 | 9 Commentaire(n)
Am Atelier goufen en Donneschdegmoien déi éischt Bands vum RAF 2012 annoncéiert. Billy Talent hat sech awer schonn am Virfeld op Twitter verroden.

Angel At My Table, Mutiny On The Bounty, Billy Talent, Dropkick Murphys, Billy Talent, Motörhead a Mastodon. Duerno nach Snow Patrol, Jessie J, Justice, Casper, Clueso, Mac Miller, Dirtyphonics, Justice, Modestep, Two Door Cinema Club oder och the Kooks spillen dëst Joer zu Réiser um Rock A Field. D'Affiche ass awer nach net komplett, dat hei si just ronn d'Halschent vun den Acts, déi nach solle kommen.
Eng Band hat d'Spannung wuel net méi ausgehalen! Eigentlech sollten déi éischt Bands vum RAF op der Pressekonferenz am Atelier virgestallt ginn, ma Billy Talent huet sech awer schonn am Virfeld verroden. Op Twitter stoung nämlech folgende Saz: "We're excited to announce that we're playing Rock-a-Field in Luxembourg in June! Check the website for more info & tickets!...".
Schonn am Joer 2007 hat déi kanadesch Punk-Rockband fir vill Begeeschterung gesuergt.
Dëst Joer hu sech d'Organisateuren vum "Rock A Field" eppes ganz Spezielles afale gelooss: Net nëmmen datt deen beléiften Open Air-Festival dës Kéier 2 Deeg dauert an um Terrain, direkt nieft dem Site dierf campéiert ginn, och hire komplette Look huet changéiert.
Vue que datt de RAF dëst Joer vum 23. bis den 24 Juni dauert, ass och d'Variatioun vun der gebuedener Musek méi grouss. Vun Pop, Rock, Electro an Dubstep soll fir all Goût eppes dobäi sinn. Samschdesowes steet eng gouss Party bis an d'Nuecht eran um Programm.
Natierlech waren och dës Kéier déi exklusiv "Blind Tickets" séier vergraff. Den normale Ticketverkaf start nach en Donneschdeg de Mëtten op www.rockafield.lu fir de Präis vun 86 Euro fir déi 2 Deeg. Fir de Camping gëtt nach ee Supplément vun 10 Euro gefrot. D'Tickete fir een eenzelnen Dag solle méi spéit an d'Vente goen, wéini ass nach net gewosst.
Mam Ticketverkaf mécht den Atelier dann och e gutt Wierk. Vun all Ticket, dee verkaf gëtt, geet 1 Euro integral un "Friendship International Luxembourg". Mat deene Suen ënnerstëtzt den Atelier den Ëmbau vun der fréierer Greenpeace Warrior II an en Spidols-Schëff fir d'Associatioun "Friendship Bangladesh".
Et ginn och nach ëmmer Leit gesicht fir d'Street-Team, Informatiounen doriwwer fënnt een op der Homepage vum Festival. Lëtzebuerger Bands, déi nach wëllen um Festival spillen, solle sech op info@atelier.lu mellen.
Gewannt mat e bëssi Chance zesumme mat RTL eng Koppel Tickete fir de Rock-a-Field 2012.
Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert "RAF2012"
an Ären Numm an Adress op de
62468 (0,50 Euro / SMS)
a gewannt déi 2 Ticketen.
Fir d'Fans vun Blink-182
D'Organisateuren vum Atelier si frou kënnen ze annoncéieren, datt Blink-182 hiert Verspriechen agehalen hunn an den 14. Juli, zesumme mat der Virgrupp All American Rejects, an d'Rockhal kommen. Nodeems si d'lescht Joer sollten um Rock A Field optrieden, dunn awer ofgesot hunn, well hiren Album net fäerdeg ginn ass, ware vill Fans extrem enttäuscht.
Fir all dës Fans huet den Atelier ee ganz speziellen Bonbon: Déi Leit déi en Ticket op atelier.lu kaf haten, kënnen de Concert fir nëmmen 25 Euro kucke goen. Kontaktéiert gëtt een per Mail an deem een e Link fënnt, fir den Ticket zu engem speziellen Tarif kënnen ze kafen. De normale Virverkaf start den 2. Februar fir de Präis vun 36 Euro.
E Rekord fir den Atelier an LMFAO
Besonnesch houfreg an och erstaunt ass den Atelier iwwert de Concert vun LMFAO, bei deem bannent nëmmen 4 Deeg ganzer 13.000 Ticketen verkaf goufen. Dat ass net nëmme e Rekord fir Lëtzebuerg, mä och fir d'Band selwer. Deemno ass Lëtzebuerg fir si nëmmen positiv opgefall, e Grond méi do als Organisateur nach een drop ze setzen. Als weideren Act gouf d'Natalia Kills confirméiert, dat den 2. an 3. Mäerz mat op der Bühn wäert stoen.
Eng LMFAO-After-Party, den 3. Mäerz am Atelier, ass dann och nach als speziellen Highlight annoncéiert ginn. Do wäert d'Band zesumme mat hiren Dänzer während 2 Stonnen opleeën. Fir dës Soirée, geplangt vun Mëtternuecht bis 6 Auer moies, gëtt et awer just eng limitéiert Unzuel vun Tickets an ass och nëmme fir Leit vun 18 Joer un. Och hei heescht et, wéi schonn beim normalen Ticketverkaf, Facebook ze suivéieren, d'Vente gëtt nämlech do annoncéiert.
Neies ronderëm den Atelier
No 141 Concerten, ronn 145.000 Visiteuren an enger Progressioun vun 5% am Joer 2011 hunn d'Organisateuren vum Atelier elo wëlles hiren Rock-Image e bëssen opzepeppen. Eng nei Schinn soll mat Family-Entertainment gefuer ginn, dat heescht ënner anerem mat Musicals a klasseschen Concerten.
Mam neien Design a mat neien Funktionalitéiten soll villes vereinfacht ginn. Mam Home Ticket-System kann een säi Ticket entweder doheem erausprinten oder e Code op den Handy lueden. Sou falen dann déi extra Fraisen vun 6 Euro ewech.
Op déi grouss Nofro hin, goufen elo och Gift Voucheren agefouert, déi een fir e Gebuertsdag oder Chrëschtdag verschenke kann.
Confirméiert gouf och, datt d'Soul Kitchen nieft dem Atelier iwwerholl gouf. En direkten Accès vum Atelier soll et de Leit, eventuell och zesumme mat en Artisten, erméiglechen nom Concert nach gemittlech eppes drénken ze goen. De Staff an de Numm vum Club gi bäibehalen, just de Site gëtt wéi gesot vergréissert.
Op där anerer Säit vu Atelier soll och ee neit Gebai hikommen. Do entstinn d'Logen an dee kompletten Backstage-Beräich fir d'Bands an hir Crew.
Mat all dësen Verännerungen ass een der Polemik vun engem neien Site aus de Féiss gaangen, well u sech hätt een och ni wéilten vun där Plaz fort.
VIDEO: De kompletten Eldo-Livestream vun der Konferenz am AtelierEldo Livestream RAF 2012 (26.01.2012)Am Atelier goufen den 26. Januar d'Projet fir 2012 bekannt ginn. De Focus louch awer um Rock a Field 2012 |
Rock-A-Field: Line Up 2012 (26.01.2012)Den Atelier huet de Line-up vir den RAF 2012 bekannt ginn. Donieft ass awer och e Concert vun Blink 182 an eng Afterparty vun LMFAO annoncéiert ginn... |

Äre Commentaire