"weemseesdet": E klengen Tour hannert de Kulissen...

RTL - 06.07.2011, 14:04 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.07.2011, 14:53 | 1 Commentaire(n)

"weemseesdet": De Raoul Roos war fir eis bei den éischten Enregistrementer vun der Sitcom derbäi an huet deemno och d'Kulissen an alles scho gesinn...

An der Woch hunn elo d'Enregistrementer vun der Lëtzebuerger Sitcom „weemseesdet“ ugefaang. Am Hierscht kritt Dir dobaussen di éischt vu 24 Folgen ze gesinn.

 

Raoul, ouni ze vill ze verroden, kanns de ons soen, wéi ee sech esou e Sitcom Format virstelle kann?

Jo, well ech dierf a wëll eben nach näischt verroden, wat elo d'Handlung betrëfft. Sou vill sief awer gesot: mir hunn am ganzen 2 Haapträim, wou sech alles ofspillt. Dat ass op der enger Säit d'Kichen, déi ass lénks a riets dann d'Stuff.

D'Nicole Max mam Joël Seiler am Maquillage.

Dat heescht, et ass wéi an den traditionellen amerikanesche Sitcoms?

Jo, well et ass numol eng Sitcom, grad wéi elo eng Bill Cosby Show oder Roseanne. Weemseesdet huet mech awer e bëssen un „Ein Häerz und eine Seele“ vum Ekel Alfred erënnert, wou dat ganzt sech eben och nëmmen an der Stuff an an der Kichen ofspillt.

Ech hat dunn och d'Geleeënheet, fir mat alleguerten den Acteuren ze schwätzen. An d'Nicole Max, déi d'Roll vum Georgette Wampach an der Sitcom spillt, erkläert eis, wat et fir en Decor ass: 

 AUDIO: Extrait Nicole Max iwwert den Decor. »

Fir dass jiddereen, dee virun der Tëlee sëtzt och ka soen: dat do ass grad wéi bei mir doheem.

Erkläre mer nach kuerz d'Personnagen, fir déi di et net wëssen: et dréit sech alles ëm d'Famill Wampach. Dat mam Romain Wampach a senger Fra Georgette. Hir Kanner sinn de François an d'Charlotte, 18 a 16 Joer. Hir Bescht Frënn spillen awer och eng wesentlech Roll.

De Romain Wampach ass Proff. Dëse Personnage gëtt vum Germain Wagner gespillt. An ech hunn och gefrot, wéi vill Romain am Germain stécht...

 AUDIO: Extrait Germain Wagner. »



De Germain Wagner, alias Romain Wampach.

Esou eppes fuerdert en enormen Zäitopwand kann ech mer virstellen.


Jo, well déi 24 Episode musse jo iergendwéi geschriwwe ginn. Wéi een do virgeet, erkläert de Realisateur an Szenarist Claude Lahr:

 AUDIO: Extrait Claude Lahr (1) »

D'Grondiddi vun der Lëtzebuerger Sitcom funktionéiert dobäi och nëmmen natierlech, wann d'Personnage kredibel sinn an d'Situatiounen och...

 AUDIO: Extrait Claude Lahr (2) »

Eng aner Erausfuerderung beim schreiwe wor, dass een sech huet missen op dës zwee Räim begrenzen. Bei enger Cosby Show goufen alt och Szenen am Restaurant gespillt, dat ass hei awer net de Fall.


D'Désirée Nosbusch, Produzentin vun der Sitcom, spillt awer och eng wesentlech Roll bei weemseesdet, an zwar déi vum Francine Konsbrück, 43 Joer, d'Nopesch vun de Wampachen.

Dass et elo eng typesch Lëtzebuerger Sitcom gëtt, dat läit, dem Désirée no, u ville Facteuren...

 AUDIO: Extrait Désirée Nosbusch (1) »

Alles theoretesch plangen ass di eng Saach, mä wéi zefridde sinn se dann hannert de Kulisse mat den Acteuren?

 AUDIO: Extrait Désirée Nosbusch (2) »


Dat ganzt weemseesdet Team ass prett. Deemno läit et un de Leit, wéi d'Sitcom dobaussen ukënnt.

 AUDIO: Extrait Désirée Nosbusch (3) »


5, heiansdo 6 Deeg d'Woch gëtt gedréit an dann am Hierscht kann een di éischt Episode vu weemseesdet gesinn a souvill kann ech verroden: et gëtt gutt.

D'Team "weemseesdet".

Méi wëlls de eis wierklech net verroden?

Da komm, eng Saach kann ech nach soen: d'Titelmusek, déi ass vum Serge Tonnar.

A wann Dir dobaussen nach méi wëllt gewuer ginn iwwert di nei Sitcom, da surft laanscht op weemseesdet.lu oder kuckt op facebook an twitter ënner weemseesdet.

 


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!