Dan Tanson an Ela Baumann fir de Yeah!-Award nominéiert
RTL - 12.07.2011, 10:53 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.07.2011, 11:57 | 1 Commentaire(n)
Dan Tanson an Ela Baumann: 2 Lëtzebuerger Artisten nominéiert fir 4 Präisser beim "YEAH! Young EARopean Award".

Beim Young-EARopen-Award geet et dorëms, jonk Mënsche fir all Zort vu Musek ze begeeschteren, an haaptsächlech fir d'klassech Musek, well dee Public am gaangen ass, auszestierwen.
|
A klassesch Musek gëtt hinnen haut quasi net méi zerwéiert. Den Dan Tanson huet d’Erfahrung gemaach, dat Kanner éischter gefillsméisseg un d'Musek eruginn. Erwuessener gi fir d’1. iwwert den Intellekt, froe sech, wat kann di Musek bedeiten. Dowéinst soll een a sengen Ae Kanner esouvill verschidde Musek ewéi méiglech presentéieren, fir dat si selwer e Choix treffe kënnen.
Den Dan Tanson ass bei de Yeah!-Nominatioune mat 3 „Klassik-fir-Kanner“-Produktioune vertrueden: "Mausemärchen und Riesengeschichten", "Te Ros!" an "Rocky Roccoco".
D'Ela Baum fir d'Choreographie vu "Brussels Requiem".
2 Produktiounen hunn déi 2 Artiste souguer gemeinsam: "Mausemärchen und Riesengeschichten" an "Rocky Roccoco".

Bei „Mausemärchen und Riesengeschichte“ geet et ëm e Ris an eng Maus, déi jiddereen e Frënd sichen. De Ris fënnt keng Frënn, well hien de Leit Angscht mécht; d’Maus fannen di meescht arrogant, well si keng Angscht huet. D’Acapella-Stéck fir de 16 Mann a Fra staarke Chouer am ongewéinlechen Decor ass am Wanter am groussen Theater gewise ginn. D’Produktioun huet 80.000 Euro kascht! E Concertssall misst elo 7.000 Euro op den Dësch leeën, fir d’Stéck ze buchen. Wat enorm ass. De Spektakel sollt also am Fong eng eemoleg Geschicht bleiwen.
|
Fir de Spektakel mam Titel „Rocky Roccoco“ huet den Dan Tanson mam innovativen Éisterräicher Blechbléiserensembel „Sonus Brass“geschafft.
Wien „Mausemärchen und Riesengeschichte“ am Theater verpasst hat a sech och gäre vun „Rocky Roccoco“ an „Te Ros!“ e Bild maache wëll, dee fënnt kleng Teaser, Videoclippen, am Internet. Surft einfach op www.traffiktheater.com.

Dan Tanson
Den Dan Tanson ass 1971 zu Lëtzebuerg gebuer, huet zu Bréissel visuell Kommunikatioun studéiert, a sech do op Kannerbuchillustratioun spezialiséiert. Niewebäi war hien awer och an der Bréisseler Zirkusschoul an an Theatercoursen. Zesumme mat 2 Sportstudentinnen huet hie fir seng Ofschlossaarbecht op der Héichschoul e Figuren- an Objetenspektakel presentéiert, well dat fir hien d’Kombinatioun vun all senge Passioune war. Zanter 15 Joer ass den Dan Tanson elo am Beräich „Bühnekonscht fir e jonke Public“ aktiv.
|
Den Dan Tanson lieft a schafft zu Lëtzebuerg an zu Bréissel, trëtt awer och an Éisterräich oder Frankräich op. Vill hin an hir also, ma den Kënschtler stéiert dat net, well en op laange Reesen am Auto di beschten Iddie kritt. Dat geschitt him am Café oder am Kino ni.
Den Ament prouft e mat engem wallouneschen Ensembel zu Bréissel e Stéck, dat dëse Weekend zu Bréissel an am August um „Festival d'Art de Huy“ gewise gëtt. Zanter 2000 ass den Dan Tanson fräischaffende Kënschtler, en huet de Lëtzebuerger Marionettefestival mat an d’Liewe geruff, huet seng eege Compagnie, den Traffik-Theater gegrënnt, an 2007 den Kanner- a Jugendprogramm vum Traffo-Theater matorganiséiert. 2009 ass seng Compagnie mam „junge-Ohren-Preis“ fir „Wanja, eine musikalische Wintererzählung“ belount ginn. Zanter e puer Joeren ass hien och regelméisseg op der Bühn vun der Philharmonie ze gesinn. Op „Pierchen an de Wollef“, den „Carnaval des Animaux“, den Elefant Barnabar.....dem Kënschtler huet e Faibel dofir, traditionell Geschichten opzegräifen, an se op eng nei a spannend Manéier ze zielen.
Kuerz viru sengem 40. Gebuertsdag de 16. Juli dinn dës Nominéierungen dem Dan Tanson natierlech besonnesch gutt. Wéi di meeschte Kënschtler hat hien an deene leschte 15 Joer dacks mat Selbstzweiwelen ze kämpfen, och wa seng Spektakelen esouwuel bei de Kritiker wéi och beim Public op positiven Echo stoussen.
|
An dann drécke mir dem Dan Tanson an dem Ela Baumann ganz fest d'Daume fir d'“Young-Earopean-Award“- Präisiwwerreechung de 19. November zu Osnabrück!

Äre Commentaire