Wikipedia brauch Fotoen a lancéiert dofir e Concours
RTL - 16.09.2011, 06:45 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.09.2011, 11:50 | 0 Commentaire(n)
D'Online-Encyclopedie vu Wikipedia ass déi lescht 10 Joer rapid gewuess. Bei villen Themen feelen hinnen awer nach Fotoen... och vu Lëtzebuerg.

Fir Lëtzebuerg goufe schonn 233 Fotoen ageschéckt.
Et sinn e sëllesche Monumenter, Gebaier a Plaze gefrot fir Lëtzebuerg. Et gouf sech un der Lëscht vum Service des Sites et Monuments inspiréiert, déi der dann och um Site vum Concours fannt.
Zum Beispill si vill Schlässer a Buergen op der Lëscht, et gi Kierchen a Kapellen awer och méi exotesch Saachen, wéi den huele Bam op der Schanz, zu Osper eng Rei vu Beem. Eenzel Haiser sinn dobäi oder och nach fréier Kléischter.


Äre Commentaire