Zensur an der Lëtzebuerger Ambassade zu Bréissel
RTL - 05.03.2009, 14:54 - Fir d'lescht aktualiséiert: 15.05.2009, 13:41

Déi zwee "zenséiert" Biller vum Kënschtler Steve Jakobs.
De Kënschtler Steve Jakobs beklot sech driwwer, datt den Ambassadeur Alfons Berns zwee Biller vum him net an enger Ausstellung hänke loosse wollt, an enger Ausstellung mat Wierker vu Lëtzebuerger Kënschtler an der Belsch, déi den Donneschdeg Vernissage zu Bréissel hat.
Op engem vun de Biller ass d'Famille grand-ducale aus de 60er Joer mat Micky-Maus-Oueren ofgemolt; op deem anere Bild steet just "The Marie-Adélaïde Complex".
Dat war dem Ambassadeur ze vill Kritik un der Monarchie. Den Ambassadeur Alphons Berns sot RTL, d'Ambassade kéint Lëtzebuerg net als Disneyland an de Grand-Duc net mat Micky-Maus-Oueren a sengen Ambassade-Reim presentéieren. Dofir hätt hien och just d'Bild Disneyland ofgelehnt, allerdéngs wier et ënner Ëmstänn problematesch, wann déi 2 Biller génge niefteneen hänken, well een da menge kinnt, dat eent wier den Titel vun deem aneren.
De Kënschtler huet dat anescht gesinn a war der Meenung, entweder déi 2 Biller oder keent. Also keent. Hie stellt se elo an engem Café zu Bréissel aus, an zwar am Café Fontainas (91 rue Marché aux charbons, 1000 Bruxelles).
VIDEO: Sujet op RTL Télé Lëtzebuerg Question parlementaire un den Ausseminister
Dee gréngen Deputéierte Felix Braz huet an deem Kontext och schonn eng parlamentaresch Fro un den Ausseminister Jean Asselborn gestallt. Ganz genee wëllt hie wëssen, wat den Ausseminister vum Ambassadeur sengem "Acte de censure" hält:
1. Monsieur le Ministre peut-il me confirmer cet acte de censure à l'égard de l'artiste luxembourgeois?
2. Quelles sont les raisons de cette décision de Monsieur l'Ambassadeur?
3. Monsieur le Ministre partage-t-il cette décision de Monsieur l'Ambassadeur?

D'Invitatioun op d'Ausstellung.
Är Commentairen