Donneschdeg, 02. September 2010

Kultur News

Festungsmusée: Originell Iddi, fir den Defizit ze decken

RTL - 01.04.2009, 00:41 - Fir d'lescht aktualiséiert: 15.05.2009, 13:44

1. Abrëll: Kultur fir d'Bevëlkerung op maachen a si och nach finanzéieren. Dat ass den neie Projet vum Octavie Modert, fir dem Festungsmusée ze hëllefen.

E Stéck vum Gléck: Fir Liebhaber sécher eng Geleeënheet à saisir - si kënne sech quasi an d'Dräi Eechelen akafen.

Eng drëtt Rallonge ass néideg, fir datt de Projet vum Festungsmusée op den Dräi Eechele ka realiséiert ginn. Dat sot d'Statssekretärin am Kulturministère, d'Octavie Modert, jo e Méindeg virun där zoustänneger Chamberkommissioun. Offiziell geet et ëm bal 9 Milliounen Euro, déi feelen.

RTL-Informatiounen no läit dee Montant awer nach méi heich an dofir gëtt et elo eng nei Idee fir de Finanzement. Nämlech, datt Privatleit hei zu Lëtzebuerg sech souzesoen e Stéckelche Festungsmusée kënne kafen ...

"Eng gutt Iddi"

Et gin eng ganz Partie Méiglechkeeten, sou war um Bord vun där Chamberkommissioun ze héieren. Et kann een zum Beispill Parrain vun engem ganze Sall ginn, da kënnt den Numm vun der Fra oder vum Mann goldgerummt an Aenhéicht bei d'Entréesdier vum Sall hänken. Wee wëll, kann awer och just nëmmen een Träpplek parrainéieren oder eng Vitrine oder eng vun de sëllege Sëtzgeleeënheeten am Musée. D'Octavie Modert schwëtzt op alle Fall vun enger gudder Iddi ...

Am Ausland ginn et esou oder ähnlech Saachen. D'Frauenkirche zu Dresden, Kulturobjeten an Italien oder, wa mer ee Beispill aus dem Sport huelen, d'Arena op Schalke.

Iert een hei elo d'Iddi hat, fir u Privatleit erunzetrieden, hunn d'Responsabel vum Festungsmusée bei de groussen Nimm aus der Wirtschaft ugeklappt, ouni Erfollg, esou d'Kultur-Statssekretärin am RTL-Interview.

En neie Wand

De Projet, fir Propriétaire vun engem Stéck Festungsmusée ze ginn, soll elo an de nächsten Deeg offiziell virgestallt ginn, ënnert anerem ass nach ze klären, wat wéivill kaschte soll.

D'Formulaire fir d'Demande kann een dann am Kulturministère ufroen an ausgefëllt dohinner zeréckschécken.

Fir de Festungsmusée, ma am Prinzip och all di aner Muséeën an Zukunft nach méi mat Liewen ze erfëllen an zu Plazen ze maachen, wou d'Leit sech begéinen, denkt d'Kulturstatssekretärin och driwwer no, fir méi wéi jee kulturell Manifestatiounen an de Muséen ze organiséieren ...

Et gesäit also ganz duerno aus, wéi wann ee fresche Wand duerch d'Lëtzebuerger Muséesszeen géif blosen.

Ween intresséiert ass oder ganz einfach méi Informatiounen zum Thema wëll hunn, ka sech op der Telefonshotline mellen um 26 68 47 47.

Dir hutt et, wéi onschwéier aus de Commentairer hei drënner ze erkennen ass, gemierkt, datt dat hei eise "Poisson d'avril" ass ... :-)



Är Commentairen

Gidd w.e.g. Ären Numm an Är E-Mail-Adress un. Merci! D'E-Mail-Adress froe mir, fir Iech eng Confirmatioun ze schécken, wann Äre Commentaire online ass.
Duerch d'Fortschécke vun Ärem Commentaire acceptéiert Dir eis
Conditions d'utilisations fir d'Moderatioun vun eise Commentairen a Lieserbréiwer.

MODERÉIERT W.E.G. ÄREN TOUN: KENG FRECHHEETEN.
KENG ONGEPRÉIFTE "FAKTEN". KENG FALSCH IDENTITÉITEN. MERCI!
Numm:
E-Mail:
Text:

D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
1. Sep 07:45  Bestseller-Lëscht: "Luxemburg in der Welt" weider d'Nummer 1
1. Sep 08:25  D'Autobiographie vum Tony Blair kënnt den 1. September raus
31. Aug 14:39  Cabaret Vert zu Charleville-Mezières: Méi wéi just Musek
31. Aug 08:01  Mexiko: Frida Kahlo an Diego Rivera op neiem 500 Peso Schäin
27. Aug 11:10  Giewel: Villa Romana méi grouss wéi bis ewell geduecht
27. Aug 07:08  Düsseldorf: Konschtsammler mat Lëtzebuerger Kont festgeholl
26. Aug 10:39  Sëlwer-Mënz fir 700 Joer Bestiednis vum Jang dem Blannen
26. Aug 08:54  Dréiaarbechten: Rue Large a Montée du Grund gespaart
23. Aug 16:01  „Au Pays du Jade“: Déi nei Publicatioun vum Gaston Vogel
23. Aug 12:10  Shanghai: D'Madame Guilin ass de 4.000.000ste Visiteur
21. Aug 17:52  Doud vum Christoph Schlingensief am Alter vu 49 Joer
21. Aug 11:15  Eurovision Song Contest: 4 däitsch Stied a Compétitioun
16. Aug 07:56  20.000 Visiteure beim Spektakel "Brot & Spiele"
14. Aug 17:37  Toy Story 3: Nei Nummer 1 bei den Animatiouns-Filmer
9. Aug 07:43  Den Acteur Bruno Cremer (Commissaire Maigret) ass dout
7. Aug 16:58  GR-Atlas: Een interaktiven Atlas vun der Groβregioun am Netz
7. Aug 15:29  Clierf: "Family of Man" mécht de 27. September d'Dieren zou
5. Aug 17:39  Veianen: 9 Deeg laang Mëttelalterfest am Schlass
5. Aug 15:14  USA: Ouverture vu lëtzebuergesch-amerikaneschem Musée
2. Aug 16:58  Nei Struktur OPL a Philharmonie, Gesetzprojet am Fréijoer
1. Aug 11:02  Doud vum Psychiater an Auteur Georges Erasme Müller
1. Aug 10:55  "Luxemburg in der Welt" nei Nummer 1 op Bestsellerlëscht
30. Jul 15:56  Shanghai: D'Madame Chen ass den 3.000.000ste Visiteur
29. Jul 07:30  Kënnt de Lëtzebuerger Pavillon vu Shanghai op Esch?
28. Jul 08:41  Supposéierte Caravaggio net vum italienesche Meeschter