Daniel Balthasar: Ofstëmmung zu "All This Time Sing Along"

RTL - 14.02.2012, 15:15 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.02.2012, 14:06 | 0 Commentaire(n)

"All This Time Sing Along": Den Daniel Balthasar an d'Sarah Bettens hu sech fir d'Versioun vum Deborah Lehnen a Christophe Strotz decidéiert.

© Véronique Kolber
18 verschidde Versioune vum Lidd "All This Time Sing Along" goufe beim Kënschtler agereecht. All User konnt och seng Stëmm fir säi Favorite ofginn.

Nieft dem Choix vun de User, hunn den Daniel Balthasar an d'Sarah Bettens, seng Duettpartnerin am Lidd, nach en zousätzleche Gewënner. Fir si war d'Versioun vum Deborah Lehnen a Christophe Strotz also déi bescht.

De Publikumspräis ass un de Cico gaangen.
 
Jiddereen dee matgemaach huet kritt deen aktuellen Album vum Daniel Balthasar an déi 2 grouss Gewënner eng komplett Discographie vum Daniel + de leschten Album vu K'S Choice.
 
An d'Gewënnerlidd, dat den Daniel an d'Sarah, erausgesicht hunn, kritt Airplay op RTL Radio Lëtzebuerg.
 






Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!