Berlinale-Blog 1: Cefuroxim, Novalgin, Sinupret a Mucosolvan
RTL - 10.02.2012, 09:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.02.2012, 11:41 | 1 Commentaire(n)

Et wäert jo alt keen «annus horribilis » ginn, dëst Joer bei der 62. Berlinale, déi fir mech déi 27. hannereneen ass. Kaum aus dem Fliger geklommen an d’Gepäck am Hotel ofgeliwwert, ass et schonn op d’Sich no engem ORL-Dokter gaangen, well mat der Gesondheet huet et dës Kéier net sou geklappt wéi déi 26 Joer virdrun. De gudden Dokter Lohmann huet mech direkt tëscht zwee Patienten ageklemmt, an huet mech no enger gudder hallwer Stonn Gekniwwels mat Medikamenter, Pëllercher, Antibiotika an Nuesespray esou agedeckt, dat ech op d'mannst nach zwou Generatioune vu Festivalbesicher domat gesond maache kann. Deemno all déi Nimm déi iwwer dësem Artikel sti si keng Schauspiller oder Regisseuren, mä stolz Produkter vun der däitscher Pharmaindustrie, déi mäer, menger Nues, menger Strass, mengen Oueren a mengen Zänn an de leschten zwee Deeg mat enger regelrechter «Chemikeule» erméiglecht hunn, de Festival eenegermoossen « fit und flott » unzegoen. Wëll et och nach Problemer mam Hotel goufen (300 Overbookings, frot mech léiwer net), kann een net behaapten, d’Berlinale hätt ënner engem gudde Stär fir de Monni Jempi ugefaang. Mä wéi soten se am zweete Weltkrich, wahrscheinlech och hei zu Berlin: «Augen zu und durch! »

De franséischen Ouverture-Film « Les Adieux à la Reine » vum Benoît Jacquot hunn ech also méi oder wéineger op enger rosa Wollek gekuckt. An dësem ganz opulente Kostümsfilm léiert een der Kinnigin Marie-Antoinette hiert weiblecht Personal am Palais zu Versailles kennen, genee zu deem Moment wou zu Paräis d’Bastille gestiermt gëtt a wou – obwuel de Kinnek a seng Madame probéieren « business ass usual » ze maachen – d’Personal lues awer sécher matkritt, dat d’Lompen nawell zollitt sténken. D’Marie-Antoinette gëtt gespillt vum Diane Krüger a seng «Virliesmadame» vum Léa Seydoux, mat vun der Partie sinn och de Xavier Beauvois als «Louis», d’Virginie Ledoyen an d’Noémie Lvovsky. De Film ass eigentlech den typeschen « Eröffnungsfilm » fir e Festival, eppes wat moderat ënnerhält, opulent opgezunn ass a kengem wéi deet. Eng Geschichtsfuerschung wou een heiansdo d’Gefill huet, se wier duerch d’Schlëssellach gefilmt. Allerdings ginn sou Situatiounen an engleschen Teléserien wéi «Downton Abbey» vill méi flott duergestallt wéi wann d’Fransouse probéieren dat Ganzt ze intellektualiséieren. Egal, wann een ënner Drogen steet, ass och dat engem egal. Op allerdéngs déi rosa Elefanten déi ech am Film gesinn hunn tatsächlech matspillen ass eng aner Fro.

Vill méi eescht gouf et do scho beim zweete Film vum Dag, « In the Land of Blood and Honey», déi éischt Realisatioun vun der Schauspillerin Angelina Jolie, dat sech hei mam Balkankrich beschäftegt, mat den ethneschen Morden an der Massevergewaltegung vun moslemesche Fraen duerch serbesch Tschetniken. Dëst ass alles anescht wéi en amerikanesche Film, well e gouf zu Sarajevo a Bosnien-Herzegowina, zum Deel op Originalplaze gefilmt an d'Leit schwätzen och hir eege Sproch. Iwwert eng zimlech pervers Libesgeschicht tëscht enger moslemescher Molerin an enger serbeschen Offizéier gëtt de Spectateur mat sämtlechen Exzesssen vun deem fuerchtbare Krich konfrontéiert, wou d’Tchetniks och mol Bébéen zur Fënster erausgehäit hunn, just well de Bébé gekrasch huet wann d’Zaldoten hir Mamm vergewaltegt hunn. Während dem Tournage an Ex-Jugoslawien gouf et nawell ferm Problemer fir d’Angelina Jolie an hir Equipe, well et dohannen ëmmer nach vill Leit gëtt, déi net onbedéngt wëllen, dat eng Amerikanerin bei si kënnt, fir hir leider allze rezent a bluddeg Geschicht opzeschaffen. Dofir hunn och Deeler vum Film mussen an Ungarn gedréint ginn, well d’Equipe zu Sarajevo op eemol net méi wëllkomm war. Ech muss éierlech zouginn dat d’Angelina Jolie mech duerch hire Courage an hire gelongene Film iwwerrascht huet.

Sou, an elo muss ech Iech loossen, well ech muss 4 verschidde Pëllercher huelen an eng Kéier a meng Nues sprutzen. A da geet et an de Kino. Do wou ech higehéieren!
Vu Berlin, mat rouder Nues

Äre Commentaire