CarréRotondes: ID-Die 6 Räuber

RTL - 22.02.2012, 17:35 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.02.2012, 14:40

ID – Die 6 Räuber: Am Kader vum ID presentéiert den Traffo a knapps enger Woch eng nei Inszenéierung vum Friederich Schiller sengem Stéck "Die 6 Räuber".

Auteur: Violetta Caldarelli
Iwwer 70 Jonker aus 6 verschidde Schoulen hunn zanter Oktober a verschiddene Gruppen matenee geschafft an e Mëttwoch stounge si fir d'éischt zesumme virun der geluedener Press op der Bühn.

Di 6 Räuber vum Schiller ass wuel e Klassiker, deen awer mat senger Thematik, wou et ëm d'Rivalitéit a Jalousie tëscht 2 Bridder geet, kaum un Aktualitéit verluer huet. Nei interpretéiert an an eis Zäit versat, koum- mat der Hëllef vu professionelle Kënschtler aus der Welt vum Theater, Danz, Rap, Chouer an Zirkus- esou e ganz faarweg d'Stéck zustan.


Zanter Oktober gëtt um Stéck geschafft an net fir näischt gouf elo scho fir 3. Kéier esou e Projet ID ausgeschafft. De Literaturklassiker, deen awer genee sou an eis Zäit erapasst– gëtt dobäi vu Jonken aus Lycéeën vu modulaire bis classique op d Bühn bruecht – wat sech op en Neits als e ganz erfollegräicht Konzept erausgestallt huet.

Gespillt gëtt an 3 Sproochen – wouduerch Die 6 Räuber net nëmmen fir all Public aus deem Land zougänglech ass - ma och well d'Poesie vun der Sprooch an den Originalzitater tëscht dem däitschen oder franséische Schiller op dës Manéier richteg erauskënnt. Also alles eng flott Mëschung, déi bei de Jonke immens gutt ukënnt. Well och am Ufank alles nach e bësse chaotesch ass, si se all mat Begeeschterung dobäi - verschiddener souguer scho fir Drëtt.

Nach bis de Samschdeg gëtt geprouft, ier nächste Mëttwoch dann d'Première am Carré Rotondes ass. Duerno ginn et weider Representatiounen zu Diddeleng am Kulturzentrum op der Schmelz ginn.

Représentations/Vorstellungen au/im CarréRotondes:

 

Mer/Mi 29.02.12, 20h (Première)

Jeu/Do 01 + Ven/Fr 02.03.12, 10h15 (Scolaires / Schulvorstellungen)

Sam/Sa 03.03.12, 20h

ReprésenTations/Vorstellungen au/im au Centre Culturel Régional Dudelange opderschmelz : 

Mer/Mi 14.03.12, 20h

Jeu/Do 15.03.12, 10h (Scolaires / Schulvorstellung)

LieuX :            

CarréRotondes, 1 rue de l’Aciérie  L-1112 Luxembourg-Hollerich

Centre Culturel Régional Dudelange opderschmelz 1a, rue du centenaire L-3475 Dudelange

Tickets :       

5€ ≤ 26 ans, groupes à partir de 10 personnes

10€ > 26 ans

Réservations tout public :

www.luxembourgticket.lu

ticketlu@pt.lu

+352 47 08 95 1 (Lun-Ven / Mo-Fr: 10h-18h30)

Informations :                    

+352 2662 2007

traffo@rotondes.lu

www.rotondes.lu