Steichen-Expo am Diddelenger Waassertuerm vu September un
RTL - 25.06.2012, 18:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.09.2012, 10:06 | 2 Commentaire(n)
Den 28. September gëtt zu Diddeleng de Waassertuerm ageweit, an deem dann d'Ausstellung "Bitter Years" vum Edward Steichen ze gesinn ass.

Nach gëtt am Pompelhaus vum Ufank vum 20. Jorhonnert an am Waassertuerm vun 1928 geschafft, fir dass een am September de Sprong ka maache vun engem industrielle Projet hin zu engem kulturellen. Fir d'Octavie Modert ass Lëtzebuerg dat eenzegt Land, an deem den Edward Steichen permanent ausgestallt gëtt, a sprécht dat fir eng konsequent Kulturpolitik.

An d'Pompelhaus kommen zäitgenëssesch Ausstellungen, iwwerdeems am Waassertuerm am Ganzen 90 Fotoe vun de "Bitter Years" gewise ginn: Deemno kënnt et um Site zu engem Dialog tëscht Al an Nei.
Den Direkter vum Centre national de l'audiovisuel, kuerz CNA, huet sengersäits drop higewisen, dass déi aner grouss Steichen-Expo "Family of man" zu Klierf 2013 nees fir de Public op geet. Och déi Ouverture war u sech fir dëst Joer virgesinn. De Jean Back erkläert déi Retarde mat de Schwieregkeete vun de respektive Chantieren.
An den Ae vum CNA-Direkter fänkt d'Kultursaison 2012/2013 allzäit Enn September mat der Aweiung vum Diddelenger Waassertuerm un.

Äre Commentaire