Marianne & Germania: 2 grouss Fraefiguren am Nationalarchiv
RTL - 11.07.2012, 13:02 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.07.2012, 12:19 | 0 Commentaire(n)
Däitsch a franséisch Karikaturen an och e Bléck op Lëtzebuerg: D'Ausstellung vun der Nationalbibliothéik ass bis Enn August am Nationalarchiv ze gesinn.

D'Christiane Kremer war sech d'Expo ukucken.
|
D'Figur vun der Germania ass scho bei de Réimer bekannt gewiescht - do war se op Mënzen se gesinn. Si stellt als Allegorie Germanien duer an dat geschitt och nach an de Joerhonnerten duerno.
D'Marianne dogéint ass eréischt an der Zäit vun der franséischer Revolutioun - also um Enn vum 18. Joerhonnert - gebuer ginn. D'Geschicht vun der franséischer Marianne ass also nach méi jonk. Si ass mat der franséischer Revolutioun entstanen, fir d'éischt gouf et se just am Lidd.
D'Ausstellung vun der Professer Dr. Ursula E. Koch huet dës Ausstellung 1997 eng éischte Kéier zu Berlin gewisen.
Haut gesäit een d'Germania ëmmer manner. Si huet hir Funktioun ëmmer méi dem „deutschen Michel“ iwwerlooss, dee vill a gär an de Karikaturen oder Texter opdaucht. D'Marianne huet sech dogéint bis haut gehalen.
Wann een de Katalog vun der Ausstellung kuckt, gesäit een och an der Duerstellung vun den zwee Personnagë grouss Ënnerscheeder. Déi eng Säit déi teutonesch Krichsheldin mam Krichshelm an déi aner Säit, déi attraktiv Marianne mat der rouder Mutz ...
Karikaturiste brauchen an hirer Konscht natierlech esou Personnagen a Figuren. D'Form vun der Karikatur gëtt et scho ganz laang - d'Wuert staamt aus dem Al-Italieneschen - a gehéiert souwuel zum Beräich Konscht wéi zum Beräich Journalismus. D'Bildsatire ass – wéi de Kommentar - ëmmer erëm den Ausdrock vu Kritik, Kritik un Muechtmëssbrauch, Korruptioun oder Widderspréch.
Wéini ass d'Karikatur oder d'satiresch Publikatioun besonnesch gebraucht ginn? Ëm 1848, esou d'Prof. Koch, wier en Héichpunkt gewiescht mat der neier Pressefräiheet an dann nach virum 1. Weltkrich hätten d'satiresch Zeitungen zum Liewe gehéiert.
Ëm déi Zäit ass och bei eis eng satiresch Zeitung opgedaucht: d'Wäschfra an doranner ass och eng Lëtzebuerger Symbolfigur ze gesinn, déi een an der Ausstellung erëmfënnt: d'Melusina.
Satiresch Zeitungen ginn et der haut nach ëmmer. A Frankräich gehéiert de „canard enchaîné“ zu der deeglecher Presse an Däitschland ginn et just zwee Magaziner, déi eemol de Mount erauskommen: "Titanic" an "Eulenspiegel". D'Dr. Ursula Koch, déi zu Paräis an zu München enseignéiert huet, ass awer ganz iwwerrascht, datt Lëtzebuerg mam „Feierkrop“ souguer eng Satirezeitung huet, déi all Woch erauskënnt: "12.000 Exemplare? Ich war wirklich überrascht!"
D'Expo „Marianne und Germania in der Karikatur“ (1550 -1999) ass op Invitatioun vun der Nationalbibliothéik nach bis den 31. August an de Staatsarchiven ze gesinn.

Äre Commentaire