„Ons Stad“ feiert hir 100. Editioun
RTL - 12.07.2012, 06:59 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.07.2012, 12:19 | 4 Commentaire(n)
Déi Lëtzebuerger Zeitung "Ons Stad" feiert hir 100. Editioun. De Magazin gëtt et schonns zënter 1979.

Ronn 53.000 Exemplare vun der Zeitung "Ons Stad" ginn dräi mol am Joer an der Stad Lëtzebuerg verdeelt. Zenter ganzer 33 Joer scho gëtt een do vun allem gewuer - iwwert d'Origine vu Stroossen Nimm, d'Architektur vun der Stad Lëtzebuerg oder der Kultur. - Dëser Deeg, feiert „Ons Stad“ also hir 100. Ausgab.
"Ons Stad", baséiert sech drop de Leit op eng objektiv Manéier déi historesch a kulturell Facette vun der Stad Lëtzebuerg méi nozebréngen. Den Henri Beck, deemolege Generalsekretär vun der Gemeng Lëtzebuerg, de mat Leif a Séil mat der Staat verbonne war, wollt eng Publikatioun erausbréngen, déi dem Bierger d'Geschicht an d'Entwécklung vun der Stad méi no bréngt.
„Ons Stad“, déi des Woch hir 100. Editioun feiert ass eng regelrecht Goldgrouf un Informatiounen. A ronn 33 Joer goufen eng Hellewull interessant Sujeten traitéiert wou eng ganz Equipe aktiv dru geschafft huet. Sou och den verstuerwenen Dieter Wagner, Grafiker den „Ons Stad“ sécherlech geprägt huet. Sou Munches huet sech geännert, mä déi generell Philosophie ass déi selwecht bliwwen.
Nieft den Texter hëlt och d'Fotografie eng wichteg Plaz an. De Vick Fischbach, Chef vu I-Media a selwer och Fotograf fir „Ons Stad“ erkläert dass de Periodique grousse Wäert op een Ausgläich tëscht Fotoen an Artikele leet.
Fir de René Clesse war den Héichpunkt sécherlech 2009, mat der Digitaliséierung vun „Ons Stad“. Deemno kann all Artikel iwwert den Internetsite „ons stad.lu“ nogelies ginn.
100. Editioun Ons Stad (13.07.2012)
100. Editioun Ons Stad
"Ons Stad" feiert 30 Joer (11.12.2009)
No 30 Joer geet "Ons Stad", de Magazin vun der Stad Lëtzebuerg online.


Äre Commentaire