Doud vum bekannte Hollywood-Produzent Richard D. Zanuck

RTL - 14.07.2012, 10:32 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.07.2012, 17:24 | 0 Commentaire(n)

De bekannte Filmproduzent Richard D. Zanuck ass dout. Hien ass am Alter vu 77 Joer zu Beverly Hills un engem Häerzinfarkt gestuerwen.

De Zanuck hat eng impressionnant Filmographie a war un net manner wéi 44 Filmer bedeelegt, dorënner Blockbustere wéi "Jaws", "Cocoon" oder "Driving Miss Dasie" awer och dem Tim Burton seng Filmer "Planet of the Apes", "Big Fish", "Alice in Wonderland" a säi leschten "Dark Shadows".

1990 krut en iwwregens en Oscar fir de Film "Driving Miss Daisy".

Säi Papp war iwwregens ee vun de Grënner vun de Filmstudioe 20th Century Fox.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!