Den Jon Lord, Matbegrënner vun Deep Purple, ass dout
RTL - 16.07.2012, 20:39 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.07.2012, 08:16 | 16 Commentaire(n)
De Rockmuseker Jon Lord, Matbegrënner vun Deep Purple, ass am Alter vun 71 Joer un de Suiten vun enger Kriibserkrankung gestuerwen.

Säi Spill op der Hammond Uergel huet Millioune vu Fans begeeschter a mat senger Band Deep Purple huet e Klassiker vun der Rockgeschicht geschriwwen an domat och de Grondstee fir komplett nei Genre geluecht. Eigentlech konnt bal keen als Teenager an de spéide 70er, an den 80er oder och nach an den 90er opwuessen, ouni säi Spill op der Uergel wéinstens eemol héieren ze hunn.
Hien huet ënner anerem Welthits wéi "Smoke on the water" matgeschriwwen, a war während de Glanzzäiten vun Deep Purple Member vun der Band, dat mat dem Gittarist Ritchie Blackmore, dem Sänger Ian Gillan, dem Drummer Ian Paice an dem Bassist Roger Glover.Während senger Carrière huet hien ënner anerem och nach bei Whitesnake matgespillt.

Deep Purple huet ëmmer nees säi Line-Up geännert an 2002 huet de Lord d'Band definitiv verlooss, huet awer ëmmer nees an Interview'en gesot, e wier nach ëmmer um Schreiwen, a géing dem Publikum all seng nei Lidder virspillen, esoubal en nees op de Bee wier.
Deem soll dann net esou sinn, mä d'Musik bleift fir ëmmer nees u grouss Artisten z'erënneren...
|
Zanter August 2011 war de Museker wéinst engem Pankreaskriibs a Behandlung, an huet de Kampf géint dës Krankheet schlussendlech verluer.
Den Jon Lord ass e Méindeg an enger Londoner Klinik am Alter vun 71 Joer gestuerwen.
Déi aktuell Formatioun vun Deep Purple spillt iwwregens den 8. November 2012 an der Rockhal. Weider Infoen hei.

Äre Commentaire