Keane: Concert an d'Däichhaal verluecht
RTL - 17.07.2012, 09:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.07.2012, 08:16 | 3 Commentaire(n)
Wéinst der grousser Nofro gouf de Keane-Concert vum Atelier an d'Däichhal zu Ettelbréck verluecht. Et ginn deemno nees Ticketen.

D'Tickete fir den Atelier bleiwen natierlech gülteg.
Keane ginn am Hierscht mat hirem neien Album "Strangeland" op Europatour- een Album deen direkt op Plaz 1 an déi englesch Charts erageklommen ass. Et ass fir Keane dee 5. Nummer-1-Album hannerteneen. Dat hunn nieft Keane just Coldplay, Radiohead an d'Beatles fäerdeg bruecht. De Piano-Pop vu Keane huet also och haut nach vill Fans.


Äre Commentaire