Doud vum Designer Tom Gloesener mat nëmme 36 Joer
RTL - 19.07.2012, 07:54 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.07.2012, 09:44 | 4 Commentaire(n)
De jonke Designer Tom Gloesener ass en Dënschdeg, no laanger Krankheet, mat nëmme 36 Joer gestuerwen.

Zesummen hunn se d'Logoen an d'visuell Identitéite fir eng Rei kulturell Entitéite creéiert, déi de Graphic-Design am Grand-Duché markéiert hunn, nom Motto "einfach, mä efficace". Dorënner d'Logoe vun der Rockhal, d'Cinemathéik an d'Stater Muséeën oder nach viru kuerzem, d'Maquette vum neie Lëtzebuerg Land.
Den Tom Gloesener war 4 Joer laang President vun der Associatioun "Design Luxembourg" a Board Member vu BEDA (Bureau of European Design Associations).
Eng Mass fir den Tom Gloesener gëtt e Samschdeg, 21. Juli um 11.00 Auer zu Reisduerf zelebréiert.
Senger Famill a senge Frënn eist déifste Matgefill.

Är Condoleancen