D'Militärmusek huet mam Jean-Claude Braun en neie Chef

RTL - 20.07.2012, 06:07 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.07.2012, 06:16

D'Militärmusek huet en neie Chef: De Jean-Claude Braun steet elo un der Spëtzt vun der Militärmusek um Härebierg.

© Jean Thillmany / www.fvmm.lu

De Jean-Marie Thoss hat während engem Joer, nom Depart vum André Reichling, den Interim assuméiert.

D'Designatioun vum neie Chef fir d'Museker vum Härebierg ass iwwert en Appel Public geschitt, woubäi d'Decisioun um Enn vun engem internationale Jury geholl gouf.

[commments]