Verréckten Expo: Häerd blo Schof op der Place Guillaume II

RTL - 20.07.2012, 16:18 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.07.2012, 16:39 | 2 Commentaire(n)

Zanter de Freideg huet sech nieft der Stater Gemeng eng relativ aussergewéinlech Expo installéiert: eng Häerd blo Schof stinn als Zeeche vu Fridden.

© RTL / Ryck Thill
D'Artisten déi hannert dësem Wierk sti sinn de Bertamaria Reetz an de Rainer Bonk. Domat wëllen sie en Zeeche vu Fridde setzen, an zwar Weltwäit. Dëst Wierk wandert nämlech duerch ganz Europa an ass deemno och elo zu Lëtzebuerg ze gesinn.

Virdru war se schonn zu Bréissel, Berlin, Hannover, Köln a Stroossbuerg ze gesinn.

Eng éischte kéier gouf d'Wierk, vu béiden däitschen Artisten, 2012 zu Venedeg ausgestallt.

Hei am Land ass se nach bis e Sonndeg ze gesinn.

© Twitter / Xavier Bettel


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!