Congés annulés: Volle Programm am August am Stater Exit07

RTL - 31.07.2012, 17:12 | Fir d'lescht aktualiséiert: 31.07.2012, 18:06 | 0 Commentaire(n)

Déi 4. Editioun vun de Congés annulés vum Exit07 proposéiert nees ee risege Programm fir den August, mat ganz vill Musek, ma net nëmmen.

Vum 3. bis den 30. August ass et nees souwäit. Dann gëtt an de CarréRotondes zu Hollerech déi 4. Editioun vum Summerprogramm „Congés Annulés“ organiséiert. Wéi schonn déi lescht Joeren hunn déi Responsabel vum Exit07 och dëst d'Joer nees hire Congé annuléiert an eng breetgefächert Offer op d'Bee gestallt. Während véier Woche stinn net manner wéi 18 Spektakelen op der Affiche.

Ganz nei dëst d'Joer ass d'Präsenz vum Lëtzebuerger Exportbüro „Music:LX. Dësen Exportbüro këmmert sech ëm d'Promotioun vu Lëtzebuerger Museksgruppen am Ausland an huet sech fir des Editioun vun de Congés Annulés zesumme mat de CarrésRotondes eppes ganz Spezielles afale gelooss. 4 Bands spillen ee Lidd iergendwou am Exit, awer net op der Bühn a ginn derbäi gefilmt. Dat Ganzt ass fir de Public op. Normalerweis ass dat nämlech net de Fall. Als éischte Video gëtt den 8. August dee vun der Grupp „Mutiny on the bounty“ opgeholl.

Wat elo d'Concerte betreffen, sou hunn Organisateuren och dëst d'Joer nees vill Wäert op een interessante Mix tëscht lokalen an internationale Gruppe wéi "Gablé", "La Femme" oder "The Chap" geluecht, sou de Marc Hauser, deen zoustänneg ass fir déi musikalesch Programmatioun. Am Lokale ginn et wéi ëmmer d'Decouverten vun 3 neie Lëtzebuerger Projeten an der Avant-Première "Synthesis", "Ice In My Eyes" an "Hey Childe".

D'Congés Annulés sinn antëscht ee feste Bestanddeel vum Programm vun de CarrésRotondes. Den Direkter Robert Garcia gesäit den Exit07 als musikalesch Niche. Et wier eng Balance tëscht experimenteller an zougänglecher Musek fonnt ginn.

An hei den detailléierte Programm :

Concerten/Showcasen/DJ-Seten

Freideg 03.08 GaBLé + ELECTRIC MULLAH + CYCLORAMA (Opening night)

Sonndeg 05.08 THE CHAP

Donneschdeg 09.08 ICE IN MY EYES (showcase) + special guest: YIKEZ! + SUSKE & WISKE (DJ set)

Freideg 10.08 HEY CHILDE (showcase)

Samschdeg 11.08 SUN GLITTERS + DORIAN CONCEPT + PLASTIC PEDESTRIAN (DJ set)

Dënschdeg 14.08 LIGHT ASYLUM + KUSTON BEATER (DJ set)

Donneschdeg 16.08 NAPOLEON GOLD (showcase) +  LOWIC (DJ set) 

Freideg 17.08 HOLY OTHER + NO CEREMONY ///

Freideg 24.08 GRAND DUCHY GROOVES NIGHT with:  BLUE DRESSED MAN (live) + IN CIRCLES (live) +  MR BIOS (live)  + SYNTHESIS (live) + PLASTIC PEDESTRIAN (DJ set)

+ TMI (DJ set) + LS  (DJ set)

Samschdeg 25.08 DIIV + LA FEMME + A BOY NAMED SEB (DJ set)

Donneschdeg 30.08 BRNS + WEEKEND TRIPS + PROFORMA79 (DJ set) (Closing Night) 

Film-Projektiounen

Samschdeg 04.08 : ALL TOMORROW'S PARTIES

Sonndeg 12.08 : THE EXTRAORDINARY ORDINARY LIFE OF JOSÉ GONZÁLEZ

Samschdeg 18.08 : THE BEAT IS THE LAW: FANFARE FOR THE COMMON PEOPLE

 
Exit LX Sessions


Mëttwoch 08.08 MUTINY ON THE BOUNTY

Freideg 10.08 MONOPHONA

Mëttwoch 15.08 MOUNT STEALTH +  DAILY VACATION (DJ set)

Donneschdeg 23.08 HAL FLAVIN + Support: IN CIRCLES (DJ set)

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!