Lëtzebuerger Buchpräis: D'Longlist 2012 steet

RTL - 06.08.2012, 11:22 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.08.2012, 11:47 | 0 Commentaire(n)

D'Longlist fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2012 steet: E Jury behält elo aus alle Kategorien eng Rei Wierker zeréck, iwwert déi dann de Public entscheet.

An de leschte Wochen haten d'Lëtzebuerger Editeuren d'Geleeënheet, hir Neierscheinungen aus dem Zäitraum August 2011 bis Juni 2012 fir d'Longlist anzereechen.

Déi offiziell Iwwerreechung vum Lëtzebuerger Buchpräis 2012 ass den Donneschdeg, 15. November um 18.30 Auer, als Optakt vun de Walfer Bicherdeeg.

Bis et esou wäit ass, muss awer elo mol als éischt eng Jury hir Aarbecht maachen. Fir dëse Publikumspräis gëtt nämlech eng Preselectioun gemaach. Iwwert déi decidéiert dëst Joer de Libraire Jean-Claude Arend, de Schrëftsteller Tom Hillenbrand, de Bibliothecaire Jean-Marie Reding, de Grafiker Fernand Rollinger, souwéi d'Josiane Weber vum CNL. D'Éierepresidentin vun der Jury gëtt d'Françoise Schlink.

Aus där grousser Longlist, 38 Wierker am Ganzen, wiele si 12 Bicher aus, 4 Bicher goufen nämlech dëst Joer, duerch hire grousse Succès, automatesch nominéiert. Am ganze ginn et 4 Kategorien: Bild- a Konschtbuch, Literatur, Sachbuch, Kanner- a Jugendbuch.

Wien et op d'Shortlist gepackt huet, dat deelen d'Lëtzebuerger Editeuren, den 11. Oktober um 15.30 Auer op der Frankfurter Buchmesse mat.

Vum 15. bis den 28. Oktober 2012 kann een dann all Librairie an op den Internetsitte www.bicherdeeg.lu a www.rtl.lu fir seng Favoritten ofstëmmen. Déi final Decisioun läit also nach ëmmer beim Publikum.


Lëtzebuerger Buchpräis 2012 – Longlist

Bild- a Konschtband (8)
 

-       De Mann aus dem Séi, Henriette Nittel (Op der Lay) automatesch nominéiert

-       Lëtzebuerg an de 80er Joeren, Bibi Wintersdorf (Editions Schortgen)

-       Lëtzebuerg Vertikal, Luc Kohnen (Editions Schortgen)

-       Moien (Maison Moderne)

-       Nico – Confessions: Eroticism in Media (Maison Moderne)

-       Une réussite originale – Le Luxembourg au fil des siècles, Emile Haag & Guy May (Editions Guy Binsfeld)

-       Vun der Rief zum Wäin, Marc Schoentgen (éditions saint-paul)

-       Wälder in Luxemburg, Guy Hoffmann (Editions Schortgen)



Literatur (11)
 

-       Die große Hatz, André Link (éditions saint-paul) automatesch nominéiert

-       Amok. Eng Lëtzebuerger Liebeschronik, Tullio Forgiarini (Editions Guy Binsfeld)

-       Duda, Roland Harsch & Carlo Schmitz (Editions Guy Binsfeld)

-       Gedichte. Band 1, Jeanine Theis-Kauth (Editioun Friederich-Schmit)

-       Eis Jonge ginn agezunn!, Rich Ruppel (Editions Schortgen)

-       Klangfaarwen, Jhemp Hoscheit (Editions Guy Binsfeld)

-       Menschenliebe und Vogel, schrei, Nora Wagener (Op der Lay)

-       Muedebëtzeg, Roland Meyer (Op der Lay)

-       Requiem pour un poulet, Jean-Claude Sacerdot (éditions saint-paul)

-       Der Versuch, zu sein, Isabel Spigarelli (éditions saint-paul)

-       Wende der Zeit, Paul Kremer (Editions Schortgen)



Sachbuch (13)
 

-       Cucina mia – die italienische Küche in Luxemburg, Georges Hausemer & Véronique Kolber (Editions Guy Binsfeld) automatesch nominéiert

-       Ketty Thull. Das Standardwerk für luxemburgische Küche & Esskultur, Carlo Sauber & Fränk Weber (Editions Schortgen) automatesch nominéiert

-       Bertrange 40 – 60, Echos et reflets d’une jeunesse luxembourgeoise d’après-guerre à la campagne, Jules Christophory (Editions Paul Bauler)

-       La cuisine du monde à votre table (Maison Moderne) 

-       Du Luxemburg à l’Europe, ALEH (éditions saint-paul) 

-       Die Geschichte des Luxemburger Radsports. Band 2, Henri Bressler & Fernand Thill (Editions Schortgen)

-       111. Der Stadtführer mit 111 Insider-Tipps für Luxemburg (Maison Moderne)

-       Ich bin traurig, Charles Pull & Marie-Claire Pull-Erpelding (éditions saint-paul)

-       Raschpëtzer, Jérôme Kohnen (Editions Schortgen)

-       Lieux de mémoire au Luxembourg, Sonja Kmec & Pit Péporté (éditions saint-paul)

-       Médias et médiations culturelles au Luxembourg, Marion Colas-Blaise & Gian Maria Tore (Editions Guy Binsfeld)

-       metaform01 (Maison Moderne)

-       Raumordnung in Luxemburg, Tobias Chilla & Christian Schulz (Editions Guy Binsfeld)



Kanner- a Jugendbuch (6)

-       Bip. Eng Seeche fir d’Kanner, Wöllem Weis (Editioun Friederich-Schmit)

-       Les corbeaux de Greenwood, Pierre Decock (Editions Guy Binsfeld)

-       D’Lalumi a seng Frënn, Luc Marteling & Paulette Thinnes-Kauffmann (éditions saint-paul)

-       Duerchsiichteg Kanner, Marieslys Flammang & Rebecca Demechelcher (Editions Schortgen)

-       Dem Emil säin Zant, Christiane Ehlinger & Myriam Jungels (Imprimerie Centrale)

-       Gefaangen an der Diddelenger Geschicht. Band 1, John Rech & ND! Genen (Editions Schortgen)

 



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!