De CinéBelval a Caramba gi getrennte Weeër

RTL - 07.08.2012, 11:54 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.08.2012, 16:30 | 19 Commentaire(n)

De CinéBelval fonctionnéiert an Zukunft ouni Caramba, dat heescht déi Gesellschaft, déi e bis elo exploitéiert huet.

De Raymond Massard, den Direkter vu Caramba war och, bis virun enger Rei Wochen, Direkter vum CinéBelval, lo ass en nach President vum Verwaltungsrot vum CinéBelval an huet och nach, zesumme mat senger Fra a mat Kollegen, 30 Prozent vum Actionnariat.

Si ginn awer net méi mam Haaptaktionär eens an dofir gi se lo getrennte Weeër, wéi de Raymond Massard am RTL Interview erkläert: "Caramba huet dee Kino während 3 Joer opgebaut, mä serieux Pertë gemeet. Trotz dem Fait datt dat ufangs dëst Joer besser ausgesinn huet, wollt den Haaptaktionär vu Belval, de Kontrakt net méi honoréieren an alleng weidermaachen."

 AUDIO: De Raymond Massard (1). »

Den Haaptaktionär ass e Groupement vu Lëtzebuerger Investisseuren.

Fir Caramba bedeit dat, datt si op de Scholde vun deenen éischte Joere sëtze bleiwen, dat ass ongeféier eng hallef Millioun Euro.

"Ech sinn enttäuscht a maache mer Suerge fir de Kino, wann en elo an Hänn vu Laien ass", sou de Raymond Massard.

 AUDIO: De Raymond Massard (2). »

Wann de Raymond Massard seet, de Kino ass an den Hänn vu Laien, mengt en domadder ënnert anerem den neien Direkter Jean Villemin, dee bis elo nach ni eppes mat Kino um Hutt gehat hätt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!