Statec: 200 Joer Lëtzebuerger Geschicht am Resumé
RTL - 08.08.2012, 19:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.08.2012, 19:49 | 0 Commentaire(n)
Neiste Statec-Publicatioun: Déi economesch a sozial Verännerungen an der Lëtzebuerger Gesellschaft - vun der Franséischer Revolutioun bis haut.

D'Aarbecht vum Gérard Trausch gouf an der Série vun den "Cahiers économiques" vum Statec publizéiert. Den Auteur huet eng ganzheetlech Approche: Hie beschreift d'Entwécklungen an der Economie an an der Politik, geet awer och op Kultur, Philosophie an d'Sozialliewen hei am Land an. D'Franséisch Revolutioun ass fir den Gerard Trausch dobäi den Ausgangspunkt.
D'Fräiheet vun de Salariéë war nach bis an 20. Joerhonnert staark vun den Autoritéiten ageschränkt, d'Aarbechter stoungen ënner der totaler Kontroll vun hire Patronen.Ze gesinn, wéi d'Decisioune vun deemools haut nach vu Bedeitung sinn, dat ass fir de Gérard Trausch den Interet vun esou enger Aarbecht.
D'Letzebueger Geschicht vun 1789 bis haut ënnerdeelt den Auteur an aacht Kapitel. De franséischen an den hollännesche Regime, d'Onofhängegkeet, d'Industrialiséirung ... all Kapitel ass sou opgebaut, datt et onofhängeg vum Rescht ka gelies ginn.
Den Auteur bleift awer net an der Geschicht stoen, mä analyséiert a senger Aarbecht och déi Lëtzebuerger Gesellschaft vun haut. D'Geschicht vun eisem Land wier awer och ëmmer a Verbindung mat den Nopeschlänner ze gesinn, de Gérard Trausch zitéiert den "Monde economique" a schreift: "Schuman, réveille-toi, ils sont devenus fous".

Äre Commentaire