Drive-In Kino Belval: Drëtt Editioun mat 6 Filmer de Weekend

RTL - 13.08.2012, 18:27 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.08.2012, 11:18

"Drive-In Kino Belval": Dëse Weekend huet Lëtzebuerg e Kinossall méi, de Parking Square Mile op Esch-Belval ass da reservéiert fir ee groussen Ecran.

Dem Autokino seng gréissten Zäite waren d'50er Joren. D'Iddi vum Film am eegenen Auto kënnt awer och haut nach gutt un. Dëse Weekend jiddefalls huet Lëtzebuerg e Kinossall méi, de Parking Square Mile op Esch-Belval ass dann nämlech reservéiert fir e groussen Ecran an hoffentlech vill Autoen.

Den "Drive-In Kino Belval" geet schonn a seng drëtten Editioun, Organisateur ass "Caramba Cinemas" zesumme mat der Gemeng Suessem an ënnert dem Patronat vun der amerikanescher Ambassade.

Och dëst Joer sti 6 verschidde Filmer op der Affiche: Um groussen Ecran leeft e Mix aus Aktuellem a grousse Klassiker, seet de Raymond Massart vu Caramba Cinemas.

Lass geet et en Donneschdeg den Owend ëm 22 Auer mat Batman, the dark Night Rises.

Freidesowes ëm 22 Auer leeft Merida, Legende des Highlands; ëm Hallefnuecht geet et weider mat Top Gun.

Samschdes ëm 22 Auer: James Bond, Goldfinger, ëm Hallefnuecht : Jaws.

E Sonndeg ass dann nach eng Avant-Première am Belvaler Autokino mam Film, The Expendables 2.

Den Entrée kascht 10€ op de Kapp, et gëtt net pro Auto bezuelt. Leit, déi awer mat engem Auto kommen, dee méi ewéi 25 Joer huet, kréien eng Reductioun vu 50%. Tickete ginn et an der Oweskeess, vun en Dënschdeg un awer och schonn op Caramba.lu.