Moskau: Pussy Riot zu 2 Joer Prisong veruerteelt

RTL - 17.08.2012, 08:13 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.08.2012, 16:06 | 48 Commentaire(n)

Zu Moskau gëtt grad d’Uerteel gesprach am Prozess géint d'Membere vun der Grupp Pussy Riot. Si goufe fir schëlleg erkläert an zu 2 Joer Prisong veruerteelt

Déi 3 Frae sëtzen zanter 5 Méint an Untersuchungshaft, well si am Februar an enger Kathedral e sougenannt Punkgebiet géint den deemolege Premier Wladimir Putin presentéiert haten.

De Parquet hat dofir 3 Joer Prisong gefuerdert an d’Affekote vun den 3 Fraen de Fräisproch.

Weltwäit sinn um Freideg Solidaritéitsaktioune fir d’Musekerinnen.

D'Aktivistinne haten sech selwer demonstrativ geloossen. Ganz egal wéi d'Uerteel ausgeet: "Mir an dir gewannen souwisou", huet et an engem Bréif geheescht.

Déi 3 Membere sinn elo um Freideg an der Mëttesstonn fir schëlleg gesprach ginn wéint "Hooliganismus, motivéiert duerch reliéisen Haass."


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!