30. Doudesdag vum Ingrid Bergman!
RTL - 29.08.2012, 09:15 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.08.2012, 16:03
Den 29. August ass souwuel de Gebuertsdag wéi och den Doudesdag vun der schwedescher Aktrice...

Viru 97 Joer koum déi schwedesch Aktrice Ingrid Bergman op d'Welt a viru genee 30 Joer ass si och op dem 29. August gestuerwen. Si hat 67 Joer wéi si de Kampf géint de Broschtkriebs verluet huet .
D'Ingrid Bgerman zielt als eng vun de bedeitendsten a bekanntesten Aktricen an der Filmgeschicht. Golden Globe, Emmy, Tony, César an Oscar, d'Ingrid Bergman huet an hirer Karrière eng selleche Präisser gewonnen, Oscaren krut si der souguer 3. Och e Stär um Hollywood Walk of Fame dréit hiren Numm. Ingrid Bergman...
Hire Papp war Fotograf an hat fréi d'Talent vu senger Duechter erkannt, opwuel hien éischter dofir war d'Ingrid sollt sech als Opere-Sängerin ausbilde loossen. Dozou ass et awer net komm, nodeems d'Ingrid Bergmann hir Mamm als kleng Kand verluer hat, ass och hire Papp gestuerwen wéi si knapps 12 Joer hat a gouf dunn bei Monni an Tatta grouss gezunn. Si ass dunn op eng renomméiert Schauspillschoul gaangen an konnt 1935 hir éischt Roll mat Text an engem schwedesche Film spillen.
1936 gouf Hollywood op si opmierksam, duerch hire Succès am Film Intermezzo. An et war hir Natierlechkeet, déi dem amerikanesche Publik besonnesch gefall hat..
Mee d'Ingrid Bergman war net den einfachste Personnage, si hat sech dacks mat Produzenten oder Regisseuren an den Hoer, well si sech net wollt maquilléieren loossen oder well si mat hirer Roll net averstaane war. Op där anerer Säit, gouf si als gewëssenhaftste Kollegin gelueft, déi hir 100 Prozent ëmmer ginn huet.
Keng Frënn mécht si sech awer an den USA wéi si als bestuedte Fra mam italienesche Regisseur Roberto Rosselini, och bestuet, eng Liaison ageet, e Kand kritt an deen och bestied. Beim Tournage vum Film Stromboli hate sech déi béid kenne geléiert.

D'Ingrid Bergman huet an méi wéi 50 Filmer an méi spéit och an e puer Theaterstécker matgespillt, ëmmer nees verschidde Charakteren, si huet d'Jeanne d'Arc verkierpert, gebrache oder staark Fraen, verschotttert Personnagen oder Dammen, di net ze duerchkucke sinn. Bis zum Schluss vun hirem Liewen huet si geschafft. Wéi si 1982 hire läschte Film A woman called Golda dréint, war si schonns vill krank.
3 Mol war d'Ingrid Bergman bestuet, si hat 4 Kanner, vun deenen hir Duechter Isabella Rossellini dat bekanntesten ass.
Hir Äschen goufen e Joer nom hirem Doud un der schwedescher Westküste an der Géigend vun hirer Lieblingsinsel Dannholmen verstreet. Dee selweschten Dag gouf eng Statur vum Ingrid Bergman opgericht. Souguer eng Rousenzort gouf vum Ingrid Bergman benannt.
