Lëtzebuerg trauert ëm den Thierry van Werveke a seet äddi
RTL - 12.01.2009, 08:10 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.01.2010, 09:50 | 2039 Commentaire(n)
Am Alter vu 50 Joer ass den 11. Januar de Schauspiller a Sänger Thierry van Werveke - bekannt ë. a. aus dem Film Troublemaker - gestuerwen.

Vun alle Säite sinn no der Norricht vum Doud dem Thierry seng professionell Fähegkeeten, awer och seng mënschlech Qualitéiten ënnerstrach ginn.
Condoléances
Och dem Thierry säi Public huet gewisen, wéi no e sech dem "Artist" gefillt huet a seng Aart an Einfachheet bewonnert huet.
Op rtl.lu huet de Rico Winandy et an enger Online-Condoléance esou zesumme gefaasst: "Esouvill Leit, dem Thierry bekannt oder net, treffe sech op dëser Plaz... esouvill Äusserungen, aus mueneche Kreesser, zu engem phänomenale Mënsch... Thierry Idol, Thierry Kumpel, Thierry Multitalent, Thierry Bugger, Thierry Cordial, Thierry Ambassadeur, Thierry Luussert, Thierry Entertainer, Thierry Lonesome, Thierry Sweat, Thierry Standfest, Thierry Tears, Thierry Charmeur..."
Virdrun hat de "Gast" ewell geschriwwen: "Wann ech gesinn wéivill Leit hei a kurzester Zäit hier Bewonnerung, Trauer and Äddi hannerloss hunn, dann seet daat am Fong alles iwwer dem Thierry sein Afloss hei am Land. Een bei deem eleng de Viirnumm duer gangen ass, fiir ze wessen ween gemengt war, wärd nach esou baal nitt vergiess ginn."
Online-Condoléance vum Til Schweiger
"thierry you were one of the best actors i ever worked with.i ve always been one of your biggest fans,buts what is even more important....you were one of the finest men i ve ever met!i will never ever forget you and i will always keep a special place for you in my heart!!
i love you!!!! til schweiger rock n roll!!!!!!!
p.s.:for all thierry fans:if you havent seen it yet,try to get a copy of "auf herz und nieren" the movie was a big flop,so not too many people have seen it,but thierry delivers an unbelievable powerhouseperformance in it,he was very proud of his work in this film and so am i....."
Online-Condoléance vum Désirée Nosbusch
"Ich sitze gerade am Frankfurter Flughafen und habe die unfassbare Nachricht erhalten. Mir fehlen die Worte..... 'Dési, du bist meine kleine Schwester und ich pass auf dich auf', hast Du immer zu mir gesagt. Thierry, ich habe dich wie einen Bruder geliebt! Du fehlst!
Ech hun dech ganz vill gären,
Désirée"
Den Thierry van Werveke, Fils vun engem Diplomat, wor an der Schwäiz op d'Welt komm a koum mat 14 Joer op Lëtzebuerg.
Säin groussen Duerchbroch hat hien am Joer 1988 mam Film Troublemaker vum Andy Bausch. Donieft hunn zu senge bekannteste Filmer de "Le Club des Chômeurs" gehéiert, "d'Hochzäitsnuecht" oder nach "Knockin' on heaven's door".
De Sänger vun der Rockgrupp Nazz Nazz wor 2003 beim Lëtzebuerger Filmpräis fir déi bescht kënschtlerech Leeschtung ausgezeechent ginn.
Zejoert gouf hien mam Adolphe Grimme Präis fir seng Roll am Film "Eine andere Liga" geéiert.

De leschte Film an dem den Thierry ze gesinn wor an nach ëmmer ze gesinn ass, ass den "inThierryview", een Dokumentaire iwwert dem Verstuerwenen säi Liewen.
Den 28. November wor d'Avant-Première vum Film. Den Thierry wor du scho vill krank, trotzdem mécht hien een acte de présence fir d'Première vun sengem Film am Utopolis.
Och an Däitschland gëtt sech gär un den Thierry van Werveke erënnert. De bekannten däitschen Acteur a Filmregisseur Til Schweiger huet nach am Film „1 ½ Ritter" mat him zesummegeschafft. Dat war hir lescht Zesummenarbecht. Ugefangen hat alles mat „Knocking on heaven's door" ... do hu se sech begéint a goufen duerno Frënn.
De Film 1 ½ Ritter vum Til Schweiger a mam Thierry van Werveke an enger Nieweroll ass den Ament och nach am Kino ze gesinn.
Den Thierry van Werveke ass an der Nuecht op e Méindeg am Alter vu 50 Joer am Spidol gestuerwen.
Der Famill vum Verstuerwenen eist häerzlechst Beileed.


Är Condoléancë