Erënnerungsconcert zu Éiere vum Thierry van Werveke

RTL - 16.10.2009, 09:22 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.10.2009, 12:44 | 4 Commentaire(n)

Kulturfabrik: De 16. Oktober war een Erënnerungsconcert zu Éiere vum Thierry van Werveke. Nieft Nazz Nazz an Taboola Rasa war z.B och Metro mat dobäi.

Inborn a Quentin Lagonza sinn och opgetrueden.

Knapp 9 Méint nom Dout vum Thierry van Werveke huet viru kuerzem eng Fondatioun virgestallt déi nom Schauspiller genannt gëtt. De Benefiz vun der Soirée geet integral un d'Fondatioun Thierry van Wervecke.

Seng Fra sot et wier säi Wonsch gewiecht, esou eng Fondatioun an d'Liewe ze ruffen. Si soll Jonken hëllefen aus hirem Däiwelskreess erauszekommen awer och jonk Kënschtler ënnerstëtzen.

De 16. Oktober kënnt och eng Best of CD vum Thierry van Werveke eraus. Mat Musek an dem Documentaire "inthierryview".


VIDEO: Impressioune vun der Soirée






Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!