Donneschdeg, 02. September 2010

Kultur News

Weltpremière vum Film: "The Age of Stupid"

RTL - 22.09.2009, 15:45 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.09.2009, 09:05

En Dënschden den Owend war um 7 Auer d'Weltpremière vum ekologeschen engagéierte Film: The Age of Stupid, den Zäitalter vun der Dommheet...

Um Dënschdeg den Owend gouf e Film gewisen dee soll drop opmierksam maache wat mir grad mat eiser Welt maachen. A méi wéi 700 Kinoen an iwwer 50 Länner konnt de Public net just de Film gesinn, mee och e ganze Programm ronderëm, mat Leit ewéi de fréieren UNO Generalsekretär Kofi Anan, oder och dem Optrëtt vum Tom Yorke, dem Sänger vun der Musekgruppe Radiohead.

Zu Lëtzebuerg war dei Global Premiere vum Film The Age of Stupid op Invitatioun vu Greenpeace Lëtzebuerg, um Dënschden den Owend am Utopolis.

 AUDIO: Wat hunn d'Leit zu Lëtzebuerg vum Film gehalen? »



The Age of Stupid ass eng Mëschung tëscht Fiktioun an Dokumentaire, den Ausgankspunkt ass d'Joer 2055 wou en Archivist, ee vun de leschten Iwwerliewenden op der Welt, sech d'Fro stellt wéi et konnt esou wät kommen.

Hie sëtzt dee Moment an der Artkis déi schonn eng Zäitchen ouni Schnéi an Äis ass. Mat Videomaterial sicht hien an den Archive fir ze verstoe firwat keen eppes gemaach huet fir d'Welt ze retten an de Klimawandel an de Grëff ze kréien.

An der Haaptrolle den Pete Postlethwaite, ee vun de bedeitensten englesche Schaupsiller deen een och scho bei Jurassic Park, Romeo and Juliet, The Usual Suspects oder In The Name of the Father gesinn huet, also net där mannster een. Greenpeace Lëtzebuerg huet sech agesat dass de Film och bei eis ze gesinn ass.

De Programm ronderëm, dat heescht dass ganz verschidde Leit zu Wuert kommen an dat gëtt simlutan weltwäit gewisen, z.B den fréiere Generalsecretaire vun de Vereenten Natiounen, Kofi Annan, déi fréier Mënscherechtskommissarin Marie Robinson, mee och soss bekannt Politiker awer och Museker wei den Tom Yorke vu Radiohead deen wäert live optrieden oder de Moby maachen mat beim Event an och nach vill aner Acteuren an international renomméiert Kënschtler, an déi gesäit een och all um ganz flotte Site www.ageofstupid.net, wou och steet wéini de Film wou a wéiengem Land an a wéiengem Kino leeft. Natierlech intervenéieren och Klimawëssenschaftler zum Thema.

Weider Informatiounen iwwert de Film fënnt een op www.ageofstupid.lu, an dëse Samschden am Pisa dem Wëssensmagazin op der Télé wäerte mer d'Thema Klimawandel nach emol am Detail beliichten.




 

 

 

 



Är Commentairen

Gidd w.e.g. Ären Numm an Är E-Mail-Adress un. Merci! D'E-Mail-Adress froe mir, fir Iech eng Confirmatioun ze schécken, wann Äre Commentaire online ass.
Duerch d'Fortschécke vun Ärem Commentaire acceptéiert Dir eis
Conditions d'utilisations fir d'Moderatioun vun eise Commentairen a Lieserbréiwer.

MODERÉIERT W.E.G. ÄREN TOUN: KENG FRECHHEETEN.
KENG ONGEPRÉIFTE "FAKTEN". KENG FALSCH IDENTITÉITEN. MERCI!
Numm:
E-Mail:
Text:

D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
1. Sep 07:45  Bestseller-Lëscht: "Luxemburg in der Welt" weider d'Nummer 1
1. Sep 08:25  D'Autobiographie vum Tony Blair kënnt den 1. September raus
31. Aug 14:39  Cabaret Vert zu Charleville-Mezières: Méi wéi just Musek
31. Aug 08:01  Mexiko: Frida Kahlo an Diego Rivera op neiem 500 Peso Schäin
27. Aug 11:10  Giewel: Villa Romana méi grouss wéi bis ewell geduecht
27. Aug 07:08  Düsseldorf: Konschtsammler mat Lëtzebuerger Kont festgeholl
26. Aug 10:39  Sëlwer-Mënz fir 700 Joer Bestiednis vum Jang dem Blannen
26. Aug 08:54  Dréiaarbechten: Rue Large a Montée du Grund gespaart
23. Aug 16:01  „Au Pays du Jade“: Déi nei Publicatioun vum Gaston Vogel
23. Aug 12:10  Shanghai: D'Madame Guilin ass de 4.000.000ste Visiteur
21. Aug 17:52  Doud vum Christoph Schlingensief am Alter vu 49 Joer
21. Aug 11:15  Eurovision Song Contest: 4 däitsch Stied a Compétitioun
16. Aug 07:56  20.000 Visiteure beim Spektakel "Brot & Spiele"
14. Aug 17:37  Toy Story 3: Nei Nummer 1 bei den Animatiouns-Filmer
9. Aug 07:43  Den Acteur Bruno Cremer (Commissaire Maigret) ass dout
7. Aug 16:58  GR-Atlas: Een interaktiven Atlas vun der Groβregioun am Netz
7. Aug 15:29  Clierf: "Family of Man" mécht de 27. September d'Dieren zou
5. Aug 17:39  Veianen: 9 Deeg laang Mëttelalterfest am Schlass
5. Aug 15:14  USA: Ouverture vu lëtzebuergesch-amerikaneschem Musée
2. Aug 16:58  Nei Struktur OPL a Philharmonie, Gesetzprojet am Fréijoer
1. Aug 11:02  Doud vum Psychiater an Auteur Georges Erasme Müller
1. Aug 10:55  "Luxemburg in der Welt" nei Nummer 1 op Bestsellerlëscht
30. Jul 15:56  Shanghai: D'Madame Chen ass den 3.000.000ste Visiteur
29. Jul 07:30  Kënnt de Lëtzebuerger Pavillon vu Shanghai op Esch?
28. Jul 08:41  Supposéierte Caravaggio net vum italienesche Meeschter