Freideg, 12. Mäerz 2010

Kultur News

Rekult 02: Eng Expo op enger Plaz, déi et muer net méi gëtt

RTL - 09.10.2009, 12:24 - Fir d'lescht aktualiséiert: 19.10.2009, 10:35

Rekult volume 02: D'Gebai vum OekoZenter gëtt ofgerappt. Virdu besetzen awer d'Kënschtler vun der IUEOA asbl d'Räimlechkeeten ...

IUEOA hat dat schonn emol uganks vum Joer gemaach, an engem Eefamilienhaus zu Alzéng.

Dës Kéier proposéieren 20 Artisten, iwwer 2 Weekender, divers Aspekter vun der Nohaltegkeet kënschtleresch an Szen ze setzen.

All eenzele Raum vum Haus am Pafendall wäert een anert Thema beliichten, dat ganzt an engem didakteschen an interaktive Parcours.

Ugeschwat gëtt nieft der Ëmweltverschmotzung och de Recycling, d'Iessen, den Impakt vum CO2 Ausstouss oder och nach d'Biodiversitéit. Dat ganzt mat Installatiounen, Fotoen, Zeechnungen, Videoen a Musek. Dernieft setzt de Spectateur sech och mat der Geschicht vum Gebai ausenaner, wat an Zukunft Plaz wäert maache fir en Niddregenergiegebai, dem neien Zenter vun der Nohaltegkeet zu Lëtzebuerg.

Mat visuellen, grafeschen an auditive Wierker vum Birgit Thalau, Catarina Riccabona, Emilie Marc, Gaël, Hye Young Yun, Jenny Fischbach, Katia Frieders, Kerstin Thalau & Serge Lamesch, Max Mertens, Michel Fisch, Paul Killeen, romainSOussan, Sandy Lorente, Saskia Raux & Marc Scozzai, Steve Clement & Syn2cate, a Sven Becker

Concerte wärend der Expo coordinéiert vun SCHNURSTRAX Records:
De Läb, Cyclorama, Birdbones, Lofi VS Yikez!, SecretSpeech, Sug(r)cane, Plastic Pedestrian, The Tobacco Company, ReadyDot (dj set), The Tiquettesan , Rajivan Ayyapan,Sug(r)cane an anerer.

D'Expo kann ee kucke goen:

Freides de 16. Oktober vun 19 Auer un, VERNISSAGE

Samschden 17. a Sonnden 18. Oktober vu 14-20 Auer

Samschden 24. a Sonnden 25. Oktober vu 14-20 Auer

Visiten ëmmer Samschdes a Sonndes um 16.00 Auer

Wou?  6, rue Vauban, Pafendall

Spuert Benzinn an notzt Matfuergeleegenheeten, oder kommt mam Bus!

Fir den Acces op de Site a fir weider Informatiounen kuckt op www.iueoa.lu a www.meco.lu

GRATIS ENTREE

VIDEO: Avant-goût vu Rekult volume 02...



VIDEO: De Reportage vum Anne Kaiffer op RTL Télé Lëtzebuerg








Är Commentairen

Gidd w.e.g. Ären Numm an Är E-Mail-Adress un. Merci! D'E-Mail-Adress froe mir, fir Iech eng Confirmatioun ze schécken, wann Äre Commentaire online ass.
Duerch d'Fortschécke vun Ärem Commentaire acceptéiert Dir eis
Conditions d'utilisations fir d'Moderatioun vun eise Commentairen a Lieserbréiwer.
Numm:
E-Mail:
Text:

D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
11. Mär 08:58  Play Manderscheid am TNL
10. Mär 20:39  Rock um Knuedler 2010: Ben Harper heescht den Headliner
10. Mär 19:44  Atelier: Rihanna den Dënschdeg, 4. Mee an der Rockhal
10. Mär 15:40  Stieg Larsson: Millenium Trilogie net alleng geschriwwen?
9. Mär 11:21  Lëtzebuerger Bicherediteuren: S. Jaspers nei Presidentin
8. Mär 05:46  82. Academy Awards: 6 Oscare fir d'Kathryn Bigelow
7. Mär 18:26  Sandra Bullock: Anti-Oscar fir "All about Steve"
5. Mär 11:23  Trotz der Polemik: "Alice in Wonderland" leeft e Freideg un
2. Mär 13:20  Expo Infographythm am Exit 07
2. Mär 09:24  Rock A Field: Ghinzu, Kasabian, Gossip, 30 Seconds, J. Delay
1. Mär 10:55  Wolter: D'Gëlle Fra soll no China kuerz op Käerjeng kommen
1. Mär 09:44  Bestseller-Lëscht: Gaston Vogel am Februar ganz uewen
28. Feb 08:24  35. Nuits des César: 9 Präisser fir "Un Prophète"
26. Feb 16:38  Gëlle Fra: Net elleng Symbol, mä Konschtwierk, sou Goebbels
26. Feb 07:57  Konschtpräis vum Obama fir de Bob Dylan a Clint Eastwood
25. Feb 07:33  Gëlle Fra: De Commissaire Robert Goebbels geet an d'Offensiv
24. Feb 09:43  Kevin Costner mat Modern West zu Lëtzebuerg
23. Feb 18:16  Legendär Abbey Road Studioen ënner Denkmalschutz
22. Feb 16:06  D'Gëlle Fra plënnert fir 6 Méint op d'Weltausstellung
21. Feb 10:48  Berlinale Notizblog (5): E Bier fir den "Honey"
21. Feb 08:56  Berlinale: Däitsch-tierkesche Film "Bal" wënnt Haaptpräis
19. Feb 08:38  Berlinale Notizblog (4): Dat Bescht...an de Rescht
18. Feb 15:56  De Maximillian Schell am Kader vun August Strindberg-Owenter
17. Feb 11:22  De François Biltgen war am Kader vun der Berlinale zu Berlin
17. Feb 10:53  Berlinale Notizblog (3): Prisongsschësser