Den amerikanesche Kultauteur J. D. Salinger ass dout
RTL - 29.01.2010, 07:16 - Fir d'lescht aktualiséiert: 11.02.2010, 15:53
Dat huet säi Fils en Donneschdeg bekannt gemaach. De Salinger hat just ee Roman geschriwwen, mä gouf doduerch weltbekannt. Den Auteur vu „The Catcher in the Rye“, op Däitsch „Fänger im Roggen“, huet déi lescht Joerzéngte ganz zréckgezu gelieft an huet all Starrummel an Interviewe kategoresch ignoréiert a refuséiert.
Säi Buch gouf ee literarescht Schlësselerliefness fir eng ganz Generatioun.
Bis haut goufe 60 Millioune Kopie vu „Catcher in the Rye“ verkaf. Den Haaptpersonage, Holden Caulfield, ass ee vun de berümtesten anti-Helde vun der amerikanescher Literatur.
1980 hat de Roman nach eemol fir Schlagzeile gesuergt. De Mäerder vum Ex-Beatle John Lennon, de Mark David Chapman hat behaapt, dem Salinger säi Buch hätt hien zu dësem Attentat inspiréiert.
D'Buch gouf och am Hotelszëmmer vum John David Hinckley fonnt, nodeems dësen een Attentat op den deemolegen amerikanesche President Ronald Reagan gemaach hat.
Är Commentairen