Donneschdeg, 09. September 2010

Kultur News

Trifolion: Programm fir 2. Hallefsaison 2010 presentéiert

RTL - 04.02.2010, 16:02 - Fir d'lescht aktualiséiert: 04.02.2010, 16:38

Den Trifolion zu Iechternach huet en Donneschdeg säi Programm fir déi zweet Hallefsaison vun dësem Joer virgestallt.

A wat d'Villfältegkeet vu sengem Programm ugeet, bleift en sech och dëst Joer erëm trei. Dat kënnt nämlech gutt un. Den Trifolion huet seng Diere viru bal 2 Joer opgemaach an huet mëttlerweil seng Plaz zu Iechternach ma och am ganze Land an der Regioun fonnt.

D'lescht Joer sinn ëmmerhinn 25.000 Spektateuren an den Trifolion gaang. An d'Zuel vu Lëtzebuerger Visiteuren ass geklomm. Iwwer 80% vun de Leit koumen aus dem Grand-Duché. Den Direkter Ralf Britten freet sech datt den TRIFO och iwwert d'Grenzen eraus ëmmer méi bekannt gëtt.

Nieft Opféierungen organiséiert den Trifolion awer och Kongresser, Seminairen a Workshopen. Um Programm steet dëst Joer fir d'éischt Heavy Metal. Donieft gëtt et dëst Joer och grousse Cabaret

Cabaret mécht dëst Joer och de „Bulle vun Tölz“. Den Ottfried Fischer ass de 15. Abrëll mat sengem Stéck „Wo meine Sonne scheint“ am Trifolion. De ganze Programm vun der Saison steet um Site trifolion.lu.

 



8. Sep 15:12  Buchpresentatioun vum Tony Blair nees ofgesot
8. Sep 09:39  IUEOA asbl presentéiert Rekult vol.03!
5. Sep 18:29  Esch: 10. Editioun vum Terres Rouges Festival um Gaalgebierg
1. Sep 07:45  Bestseller-Lëscht: "Luxemburg in der Welt" weider d'Nummer 1
1. Sep 08:25  D'Autobiographie vum Tony Blair kënnt den 1. September raus
31. Aug 14:39  Cabaret Vert zu Charleville-Mezières: Méi wéi just Musek
31. Aug 08:01  Mexiko: Frida Kahlo an Diego Rivera op neiem 500 Peso Schäin
27. Aug 11:10  Giewel: Villa Romana méi grouss wéi bis ewell geduecht
27. Aug 07:08  Düsseldorf: Konschtsammler mat Lëtzebuerger Kont festgeholl
26. Aug 10:39  Sëlwer-Mënz fir 700 Joer Bestiednis vum Jang dem Blannen
26. Aug 08:54  Dréiaarbechten: Rue Large a Montée du Grund gespaart
23. Aug 16:01  „Au Pays du Jade“: Déi nei Publicatioun vum Gaston Vogel
23. Aug 12:10  Shanghai: D'Madame Guilin ass de 4.000.000ste Visiteur
21. Aug 17:52  Doud vum Christoph Schlingensief am Alter vu 49 Joer
21. Aug 11:15  Eurovision Song Contest: 4 däitsch Stied a Compétitioun
16. Aug 07:56  20.000 Visiteure beim Spektakel "Brot & Spiele"
14. Aug 17:37  Toy Story 3: Nei Nummer 1 bei den Animatiouns-Filmer
9. Aug 07:43  Den Acteur Bruno Cremer (Commissaire Maigret) ass dout
7. Aug 16:58  GR-Atlas: Een interaktiven Atlas vun der Groβregioun am Netz
7. Aug 15:29  Clierf: "Family of Man" mécht de 27. September d'Dieren zou
5. Aug 17:39  Veianen: 9 Deeg laang Mëttelalterfest am Schlass
5. Aug 15:14  USA: Ouverture vu lëtzebuergesch-amerikaneschem Musée
2. Aug 16:58  Nei Struktur OPL a Philharmonie, Gesetzprojet am Fréijoer
1. Aug 11:02  Doud vum Psychiater an Auteur Georges Erasme Müller
1. Aug 10:55  "Luxemburg in der Welt" nei Nummer 1 op Bestsellerlëscht