Concertgallery.lu: Dem Dan Thuy säi Fotosite mat neiem Look
RTL - 16.12.2010, 20:22 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.12.2010, 21:57 | 2 Commentaire(n)
Seng Fotoe maache Musek, säi Site mécht Loscht: concertgallery.lu, d'Internetsäit vum op Concerte spezialiséierte Fotograf Dan Thuy, gouf opgefrëscht.

Katy Perry, Mark Knopfer, Ben Harper, Joss Stone - den Dan Thuy hat scho vill grouss Museker viru senger Kamera a wann ee sech seng Fotoen esou ukuckt, da kinnt ee mengen, d'Kënschtler hätten extra fir hie poséiert.
Mee neen! Den Dan Thuy ass ee Concertsfotograf an egal wéi héich et bei esou Optrëtter hirgeet, dem Dan Thuy seng Fotoe beweisen ëmmer, datt de Fotograf selwer roueg a gedëlleg bliwwen ass - ëmmer en attente vun der optimaler Luucht, vum richtege Geste, vun der idealer Konstellatioun op der Bühn ... fir déi perfekt Foto ze schéissen.
Zanter 4 Joer mécht den Dan Thuy elo schonns Fotoen, eng ganz Rëtsch vu senge Galerië sinn och an der Kulturrubrik op RTL.lu ze fannen.
Méi Dan Thuy gëtt et awer op sengem eegene Site, op www.concertgallery.lu, deen elo e komplett neie Look krut. Fotoe vun 267 verschiddene Bands sinn do drop ze fannen, alles an allem 5.752 Opnahmen, déi deen, dee se kuckt, direkt mat op de Concert entféieren. Dem Dan seng Fotoen, si maache Musek ... iwwerzeegt Iech selwer, well net ëm soss ass de Moto vu senger "Concert Gallery": "Can you see the Music?"
De Site selwer ass iwwersiichtlech opgebaut an et kann een ouni onnéidegt Klicken duerch d'Fotogalerië goen. D'Biller gi schéi grouss op schwaarzem Fong gewisen a bei all Bild huet een d'Gewëssheet: Wann den Dan et zeréckbehalen huet, da just, well d'Foto senge strenge Critèren entsprécht - an anere Wieder: Well si gelongen ass!
Ganz dacks ass den Dan mat senger Kamera op Concerte vum Atelier present, ganz egal, wou si sinn. An dofir ass et och net weider iwwerraschend, datt eng ganz Rëtsch vu senge Biller am Buch "No Beer Till Placebo" fir dem Atelier seng 15 Joer veréiwegt sinn.



Äre Commentaire