Linkin' Park - Living Things

RTL - 09.07.2012, 09:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.07.2012, 08:01

D'Zäitschrëft Rolling Stone schreift iwwert deen neie Linkin' Park Album datt et deen Album mat där meeschter Power ass, zanter hirem Debut virun 12 Joer.

© Warner MusicAuteur: Gérard Floener
Wann een d'Chartresultater kuckt, mussen si Recht hunn. An Amerika, England an Däitschland ass deen neien Album schonn op déi éischt Plaz vun der Hitparade gaangen.

Mat deem neien Album gi Linkin' Park nees e bësschen zeréck un hier Wuerzelen, ewech vun deenen Experimenter déi si op deene leschten zwee Albummen ausprobéiert hunn. An awer wollte si mat hirem Produzent Rick Rubin och nei Elementer mat afléisse loossen, fir och hir al Fans no 12 Joer nach iwwerraschen ze kënnen. Dofir wollte si sech 18 Méint Zäit loossen, mä den Album ass schonn no engem knappe Joer erauskomm. 18 Méint ass déi Zäit déi an Zukunft tëscht zwee Linkin' Park Albumme leie soll. Wat eng Leeschtung gëtt, wa Linkin' Park dat wierklech packen, ëmmerhinn hu si net wëlles hir Touren op ze ginn. Mä och „Living Things“ ass zu engem gudden Deel parallel zur leschter Tour entstan.

D'Band seet selwer iwwert deen neien Album, datt si vill perséinlech, zum Deel traumatesch Elementer op deem neien Album verschafft hunn, an dowéinst och den Titel „Living Things“ gewielt ginn ass. Si hu sech beim Folk a beim Bob Dylan grad esou inspiréiert (Skin To Bone“ a „Roads Untraveled“ ewéi bei Punk Rock Gruppen („Victimized“). A grad ewéi op hiren zwee éischten Albumme fënnt een och op dësem CD mat „Tinfoil“ nees een instrumentalen Titel, während de Gittarist Brad Delson am Lidd „Until It Breaks“ och sangen dierf.

Alles an Allem ass „Living Things“ een Album deen de Fans vu Linkin' Park gefalen dierft. En ass haart, et geet virun, si experimentéieren net vill, mä proposéiere genee dee Sound, deen ee vun hinne kennt, an deen engem gefält. An dat erreeche si an enger extrem kuerzer Zäit. Déi 12 Lidder op deem neien CD daueren nëmme 37 Minutten. Mä dovun ass net net eng Sekonn fir d'Kaz.