Blur 21: The Box
RTL - 30.07.2012, 10:08 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.07.2012, 10:14
Virun 21 Joer ass mat „Leisure“ deen éischten Album vu Blur erauskomm. Zanterhier huet sech d'Band zu engem vun den Haaptvertrieder vum Britpop etabléiert.

Deen hat virun allem an den 1990er Joeren grousse Succès hat. An hir Konkurrenz mat Oasis ass ëmmer nees mat der legendärer Konkurrenz tëscht de Beatles an de Rolling Stones verglach ginn.
7 Studioalbumen hu Blur an deenen 21 Joer produzéiert, dee leschten, „Think Tank“ ass viru bal 10 Joer erauskomm. An elo gëtt et „Blur 21: The Box“, déi komplett Diskographie vun der Band. Hir 7 Studioalbume sinn do drop. An et gëtt nach Bonusmaterial. Dorënner 65 Lidder, déi bis elo nach net publizéiert gi sinn. An nach eng sëlleche Raritéiten, Live Opnamen an Demoversiounen. An der Box sinn och nach 3 DVDen dran, ee Buch mat Fotoen an engem Interview mat der Band an als speziellem Sammlerstéck enger Vinyl Single vu "Seymour". Esou huet déi éischt Band vun de Blur Museker geheescht.
D'Blur 21 Box ass dës Woch den RTL CD-Tipp. Op RTL Radio Lëtzebuerg héiert Dir dës Woch nei Lidder, Raritéiten an aner Iwwerraschunge vu Blur. An Dir kënnt och 1 Box gewannen (am Wert vu 162 Euro). Wéi vill Lidder sinn am ganzen op all den AudioCDen aus dësem Box-Set drop? Wann Dir d'Äntwert wësst, da schéckt se mat engem SMS op de 62468 (fir 50 Cent de Message) a mat e bëssche Chance gitt Dir e Freideg als Gewënner vu „Blur 21: The Box“ ausgeloust.