Pop History: Mëttwoch, den 22. Februar 2012

RTL - 22.02.2012, 14:53 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.02.2012, 15:36

Wat war lass ?

Haut virun dräi Joer topen d'Kings Of Leon mam Album „Only By The Night“ déi britesch Charts. Dëst Wierk mécht si endlech zu international gefeierte Staren. De Wee bis dohin huet véier Albume laang gedauert. Hiren Debut-Album „Youth & Young Manhood koum am August 2003 eraus.

 

Hit vum Dag: Don't Speak - No Doubt

 Hit vum Dag »


Gebuertsdagskand vum Dag : Dirk Darmstaedter

 Gebuertsdagskand vum Dag »


Aner Gebuertsdagskanner:

Oliver (67), alias William Oliver Swofford, amerikanesche Sänger den 1969 mat "Good Morning Starshine" e Welthit hat (+ 12.02.2002). ... Maurizio de Angelis (66), italienesche Museker den zesumme mat sengem Brudder Guido während de 70er an 80er Joër als Duo „Oliver Onions“ grousse Succès hat, dat virun allem mat Lidder fir Filmer mat der Koppel Bud Spencer & Terence Hill. … Joachim Witt (63), Hamburger Museker, dem 1981 mat "Goldener Reiter" säi éischte grousse Succès geléngt. 1998 geléngt him mat "Die Flut" e Comeback. ... James Blunt (38), britesche Singer/Songwriter den 2005 mam Album „Back To Bedlam“ quasi iwwer Nuecht zum Weltstar gëtt. … Jeanette Biedermann (31), Ex-GZSZ-Star an Rocksängerin.

 

Aner Nummer 1-Hits vum Dag:

Rock-A-Hula Baby/Can't Help Falling In Love - Elvis Presley 1962/GB

Pick Up The Pieces - Average White Band 1975/USA

Make Me Smile - Steve Harley & Cockney Rebel 1975/GB

Skandal im Sperrbezirk - Spider Murphy Gang 1982/BRD

My Love Is A Tango - Guillermo Marchena 1988/BRD

Stay - Shakespears Sister 1992/GB

Wannabe - Spice Girls 1997/USA

Don't Speak - No Doubt 1997/GB

Kuschel Song – Schnuffel 2008/BRD

 

Nummer 1-Albume vum Dag:

AWB - Average White Band 1975/USA

Lange Schatten - Peter Maffay 1988/BRD

Blur - Blur 1997/GB

Get Rich Or Die Trying – 50 Cent 2003/USA

Scissor Sisters - Scissor Sisters 2005/GB

Only By The Night – Kings Of Leon 2009/GB